D'Partei Fokus huet e Samschden hire Programm fir d'Europawalen um Belval presentéiert.

"Europa muss liwweren", sou den Appell vu Fokus. E Slogan, deen op eng gewëssen Drénglechkeet hiweise soll. "Mir sinn an enger Zäit, wou et eng Hellewull u Konflikter, wou et Erausfuerderungen a Punkto Klima gëtt an och d'Nowéie vun der Corona-Kris ëmmer nach ganz present sinn», huet de Parteipresident vu Fokus, Marc Ruppert ënnerstrach. Dat nächst Europaparlament misst all dës Erausfuerderungen ugoen. Nei a couragéis Iddie wéilt een, wéi gewinnt, liwweren. Als eng Partei, déi net déi selwecht Reflexer, wéi vill vun deenen um Pouvoir hätt. Wéi zum Beispill d'Oprechterhale vun dem Unanimitéitsprinzip am Steierberäich. Et wier een och net déi Partei, déi géing Problemer erbäi rieden, déi net dosinn, huet de Co-Spëtzekandidat Frank Engel ënnerstrach. Migratioun wier zum Beispill ee vun den Themen, déi misste behandelt ginn, mee et hätt een awer keen onléisbare Migratiounsproblem. "Déi Problemer, déi mer hunn, sinn e Krich an der Ukrain, wat e Krich géint Europa ass", huet de Frank Engel betount. Doriwwer eraus géing et un Investitiounsmëttel feelen, fir déi néideg Energieinfrastrukturen opzeriichten.

D'Energieinfrastrukuren an Europa wären nämlech ausschlaggeebend fir di wirtschaftlech Weiderentwécklung an domat och de gesellschaftleche Fortschrëtt. Eng Transitioun, déi natierlech wäert Sue kaschten. "A wa mer dës net weiderhin kënnen de Leit aus der Täsch zéien, andeems mer se weider individuell op der Aarbecht belaaschten, da musse mer Saache wéi eng Finanztransaktiounsbesteierung op d'Dagesuerdnung setzen an duerchzéien", sou de Frank Engel. Dat géing jo och op anere Plazen, wéi an der Schwäiz funktionéieren, fir Infrastrukturen ze finanzéieren.

Europa hätt an Handelsfroen, ma net just do, eng Positioun vun der Schwächt, wann et drëm géing goen, seng Interêten duerchzesetzen. Fir dass d'Unioun nees eescht geholl géing ginn, misst een emol den Unanimitéitsprinzip ofschafen. "Dat unanimet Gedeesems, wat een do schonn zanter ville Joren a ville Beräicher géing opféieren, gehéiert an d'Vergaangenheet", huet de Frank Engel gemengt.

Doriwwer eraus wëllt sech d'Partei fir Chancëgläichheet asëtzen. "Ech gesinn, dass e méi soziaalt a fairt Europa wichteg ass fir den Zesummenhalt", huet d'Co-Spëtzekandidatin Monica Semedo gesot. Dofir wéilt si och onbedéngt doru weiderschaffen. Fir dass vulnerabel Gruppen, Mënsche mat engem Handicap oder Mënsche mat enger anerer Hierkonft, wéi Immigranten déi selwecht Chancen hu wéi jiddereen.

Bei den Nationalwalen ass Fokus op 2,5 Prozent komm. Fir e Sëtz am Europaparlament ze kréien, misst een awer iwwer 10 Prozent erreechen. E schwéieren Exercice, deem een sech duerchaus bewosst ass.