Reaktioun op Kritik vun der FGFCTransportministesch wëll TICE-Reseau net fale loossen

RTL Lëtzebuerg
Den TICE, den ëffentlechen Transportreseau aus dem Süde vum Land, gëtt net fale gelooss.

An d’Gemengegewerkschaft FGFC gëtt net aus den Diskussiounen iwwert eng nei Konventioun ausgeschloss. Dat huet de Mobilitéitsministère e Méindeg an der Mëttesstonn matgedeelt.

D’FGFC hat der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes Arroganz virgeworf, well d’Personaldelegatioun bei engem Treffen e Méindeg ausgeluede gi wier. D’Ministesch huet matdeele gelooss, datt d’FGFC bei enger Reunioun de 15. Mäerz informéiert gi wier, datt de Ministère sech mam Bureau vum TICE e Méindeg géing treffen, éier se no deem Treffen nees d’Personaldelegatioun géing gesinn.

D’FGFC fäert, datt Aspuerunge beim interkommunale Bus-Syndikat virgesi wieren an d’Personal d’Laascht soll droen. Dofir fuerdert d’Gewerkschaft, datt d’Situatioun gekläert gëtt. Esou heescht et an engem Communiqué um Méindeg de Moien.

PDF: Schreiwes vun der FGFC.

Back to Top
CIM LOGO