Et wier ee keng Oppositiounspartei, mee et wéilt ee Propose fir déi europäesch Demokratie maachen. Zesummen - d’Bréck wier eng Passerell tëscht der Politik an de Bierger. Et wéilt ee virun allem déi Leit erreechen, déi sech soss net esou vill fir d’Politik interesséieren.
“Mir wëllen ee vereent Europa, mir wëllen d’Vereent Staate vun Europa.” Dat wier néideg, fir um globalen Niveau matdecidéieren ze kënnen. Soss géinge friem Muechten d’Decisioune fir Europa huelen.
Bei Zesummen - d’Bréck ass een der Meenung, datt d’Demokratie universell muss sinn. Wann een an engem bestëmmte Raum lieft, an dësem Fall Europa, misst ee sech och den demokratesche Prozesser bedeelege kënnen. Et géing net um d’Méiglechkeet vun enger Kandidatur goen, mee wann een iergendwou schafft a Stéiere bezilt, misst een no senger Meenung gefrot ginn.
Vun där Iddi hält ee bei der neier Partei näischt. D’Grenzschutzagence Frontex hätt gewisen, datt se un hir Limitte stousse géing. Amplaz d’Leit einfach aus Europa erauszehalen, misst een hinnen an hirer Heemecht Zukunftsperspektive ginn. Dowéinst plädéiert Zesummen - d’Bréck dofir, datt an der Sahel-Zon eng Zort afrikanesche Silicon valley opgeriicht soll ginn. Duerch d’Schafe vun enger “Zone de non imposition” géinge sech ganz vill Betriber do néierloossen an et géif keng Migratioun a Richtung vun Europa méi ginn.
Vläicht kéint ee bei dëse Walen dat Onméiglecht méiglech maachen. Et géing een op alle Fall déi 48 Prozent vun de Leit uschwätzen, déi sech manner fir Politik interesséieren. Dat och, well een no bei de Leit wier. Esou hätt een zum Beispill op Christi-Himmelfaart als eenzeg politesch Partei beim Pèlerinage bei d’Fatima zu Wolz Waasser un d’Pilger verdeelt. Ëmmerhi méi wéi 2.000 Fläschen. An Zukunft wéilt een och un de Gemengen- a Chamberwalen deelhuelen.