An deenen nächste Jore kritt Lëtzebuerg seng 10. Jugendherberg. D'Auberge zu Ettelbréck op der Gare soll méi Touristen an den Norde lackelen.

D'Jugendherberg op der Ettelbrécker Gare huet Plaz fir 120 Leit, déi do wëlle schlofen, fir 60 Vëloen ze parken, et entstinn 2 grouss an e puer kleng Reuniounsraim, et geet en neie Restaurant op an et entsteet eng Panoramaplattform uewen um Dag. De Gesetzprojet gouf elo rezent an der Chamber gestëmmt an d'Erwaardunge si grouss.

Ettelbréck kritt eng Jugendherberg / Reportage Dany Rasqué

De Rapporter vum Projet, de liberale Fernand Etgen, ass dovunner iwwerzeegt, datt dës Jugendherberg neit Liewen op d'Ettelbrécker Gare bréngt an de ganze Garer Quartier valoriséiert mat enger Panoplie un Aktivitéiten a Reuniounssäll, déi och dem Gesellschaftsliewen ze gutt kommen.

"Ech maachen Iech zwar just de Rapport iwwert dëse Projet, mä Dir héiert sécher eraus, datt ech meng Begeeschterung iwwert dës nei Jugendherberg schlecht verstoppe kann."

Vun där Begeeschterung huet op d'mannst den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten sech ustieche gelooss.

"Här Rapporter Dir hutt dat esou gutt gemeet, datt ech fannen d'Regierung sollt sech Iech an d'Ausland op d'Touristefoirë schécken, fir Promotioun fir d'Lëtzebuerger Land ze maachen. Ech menge mir kéinten déi Touriste guer net méi packen, déi der eis géift ulackelen."

Genee dat gëtt sech vun dësem Projet erhofft: Vill Touristen, déi am beschten och méi wéi eng Nuecht am Norde bleiwen an hir Suen an de lokale Geschäfter, Restauranten a Caféen ausginn.

Et ass e Projet, deen awer och Leit aus dem ganze Land kéint unzéien, net zu Lescht wéinst där flotter Vue, déi een uewen um Dag vum Gebai huet, fënnt den CSV-Deputéierten an Dikrecher Buergermeeschter Charel Weiler.

"Eng Attraktioun wäert mat Sécherheet d'Panoramaplattform uewen um Dag vum Gebai sinn, wou ee quasi bal bis op Dikrech gesäit. Se ass zougänglech fir d'Leit, déi d'Gebailechkeete benotzen, mä och fir extern Leit."

Dës Plattform ass awer net dat eenzegt, wat extra un der Jugendherberg ass, fënnt de Meris Sehovic vun déi Gréng.

"Mir hunn eng Photovoltaikanlag um Daach, dat ass net besonnesch innovativ, mä vill méi innovativ ass, datt och eng Photovoltaikanlag op der Fassad soll entstoen. Dat ass ganz innovativ a ganz begréissenswäert."

De Pirate gefält de Projet och. Si hu sech just am Ufank iwwert de Präis gewonnert, seet de Ben Polidori, well d'Jugendherberg kascht iwwer 63 Milliounen Euro.

"Mir hunn dat an der Kommissioun ugeschwat a mir kruten als Erklärung, datt hei net nëmmen de Bau vun der Jugendherberg geplangt ass, mä eben och grouss Infrastrukturaarbechte musse gemaach ginn, well de ganzen Terrain muss ënnertunnelt ginn."

Och de Jeff Engelen vun der ADR begréisst, datt den Norden no Lëlz a Veianen eng weider Jugendherberg kritt a mengt am Clierfer Eck wier och nach éierens eng gutt Plaz fir esou e Projet.