De Spëtzekandidat vun der Partei Fokus war Invité am Kader vun den Europawalen am Format "5 Froen un".

Ass d'Ewechfale vum Vetorecht bei EU-Decisiounen eng Gefor fir Lëtzebuerg?
Fir de Frank Engel wier et eng Gefor fir d'Land, wann een - am Géigendeel - mordicus géif um Vetorecht festhalen. Dëst Recht wier an de leschte Joerzéngten ni vu Lëtzebuerg gezu ginn a wier dem Frank Engel no och eng schlecht Iddi et ze maachen, well een dëst "iergendwann och géif erëmkréien". De Spëtzekandidat setzt dohier op Argumentatioun an Dialog an der EU an dass dann eben Allianze forméiert ginn.

Virun allem an der Steierpolitik kéint Lëtzebuerg dann och mol mat "pro-aktiven Demarche virzegoen amplaz ze blockéieren". De schlechte "Ruff" vu Lëtzebuerg an dëser Thematik wier net gutt.

Wéi eng EU-politesch Weiche musse gestallt ginn?
D'Energieversuergung vum Kontinent misst an den nächste Jore séchergestallt ginn, wann dat erneierbar Energie solle sinn, wier Fokus och domadder averstanen. Heivir missten dann awer och déi néideg Investissementer opbruecht ginn. Weider steet d'Sécherheet an der EU bei Fokus ganz vir. Kee Land dierft méi um Kontinent menacéiert ginn an zukünfteg Staaten dierften net occupéiert sinn, dat mat Uspillung natierlech op de Krich an der Ukrain. "Et ass keen, dee sech méi Fridde wënscht, wéi d'Ukrainer an d'ukrainesch Zaldoten, warscheinlech souguer och déi russesch. Mä d'Tatsaach ass, datt elo nach Krich ass, an dee muss op en Enn gefouert ginn an d'Ukrain muss do der Europäescher Unioun bäitrieden..." Ganz generell awer misst an Europa manner ugekënnegt a méi gehandelt ginn.

Dass et iwwerall an Europa solle Mindestléin ginn, do steet de Frank Engel hannert engem Nicolas Schmit, deen esou kloer engem sozialen Defizit an Europa géif entgéintwierken. Bei enger Vereenheetlechung vu Renten, sozialer Sécherheet oder Krankekeess wier een awer net méi dobäi, dëst soll op nationalem Niveau decidéiert ginn.

"Wann d'Ukrain fort ass, da kënnt deen nächsten un d'Rei", sou de Frank Engel mat Hibléck op eng méiglech Victoire vu Russland, engem Land, dat fir hie keng Grenze géif kennen. Russland wier e Géigner vun allem wat Europa géif representéieren. Eenzeg Méiglechkeet vun der EU wier et "Stopp" ze soen a kloer Grenzen ze setzen. Virun allem déi baltesch Länner oder Wäissrussland géife sech freeën, wann hei géif an aller Däitlechkeet geschwat ginn.

D'Fro vun der Migratioun...
Déi illegal Migratioun misst dem Frank Engel no gebremst ginn, dat awer net ëm all Präis. Et misst een awer einfach kloer stellen, dass et legal Weeër ginn, fir an d'Unioun an déi missten och presentéiert ginn. Et misst ee kloer d'Dier opmaache fir Leit, déi um "Projet Europa" wéilte mat eis zesumme schaffen. "A mir mussen et fäerdeg bréngen, deene ganz, ganz villen Aneren och ze soen Asyl kritt een, wann ee verfollegt ass, wann een ënnerdréckt ass, wann een enzwousch muss fort oder et geet engem kierperlech net gutt a soss net. Et kann net sinn, datt mer ënnert dem Virwand vum Asyl, Millioune vu Leit hunn, déi permanent wëllen an Europa areesen, déi dozou deelweis encouragéiert gi vu Russland..."