De Kandidat vu VOLT Lëtzebuerg war Invité am Kader vun den Europawalen am Format "5 Froen un".

VOLT bezeechent sech selwer als europäesch Partei, déi och a verschiddene Staate mat Lëschten untrëtt. D'Angscht, dass duerch e méi staarkt Europa kleng Länner méi schwaach wieren, léisst de Politiker net gëllen: "E klengt Land wéi Lëtzebuerg wier ouni Europa guer näischt. Dat ass einfach Fakt, dat gesi mer elo schonn un deem, wéi Lëtzebuerg sech entwéckelt huet. Lëtzebuerg huet bis elo schonn immens vill vun der EU profitéiert a kann nëmme weider profitéieren, wa mer méi zesummeschaffen."

Europa viru groussen Erausfuerderungen

D'Partei wier och dofir, dass d'Ukrain weider Waffe geliwwert kritt an et wier een och fir eng europäesch Arméi. Grouss Länner hätte wuel méi Zaldoten, ma de Virdeel wier, dass een ënnert de Memberen d'Ressourcë kéint deelen. Lëtzebuerg wier staark an allem wat technesch Kompetenze wieren: "Wa mir elo eng Infrastruktur, eng Logistik oder esou hei opbauen, da kéint ee soen, an enger europäescher Arméi bitt Lëtzebuerg eeben dee logisteschen Deel."

Europäescht Grondakommes fir jiddereen

D'Iddi vun engem europäesche Grondakommes géif bedeiten, dass jiddereen, deen ënnert engem gewësse Seuil verdéngt, da keng Steiere méi géif bezuelen, mee amplaz Suen erëmkritt, esou de Philippe Schannes am Interview. Am Programm vu VOLT gouf festgehalen, dass jiddereen op d'mannst  500 Euro géif kréien, e Betrag, deen awer vu Land a Regioun variabel misst gekuckt ginn: "Do maache mir eis och näischt vir, dass natierlech Süditalien anescht wéi Norwegen ass, dat ass kloer. Dat heescht, dat muss een deemno wéi upassen, dass jiddereen déi Kafkraaft huet, déi en och brauch."

Klimaneutralitéit wichteg fir Europa

De Green-Deal geet fir de Philippe Schannes net duer. D'Klima wier de Problem Nummer eent vun der Zukunft. D'Pandemie an déi aktuell Kricher hätten elo de Fokus e bëssen ofgelenkt, ma et géif den zentrale Problem fir d'Mënschheet bleiwen.

Op europäeschem Plang géif ee sech Fraktiounsstäerkt wënschen, dat wier ambitiéis awer net onrealistesch. Och VOLT Lëtzebuerg wier Deel vun dem europäesche Projet an et géif een hoffen, dass dee Message och zu Lëtzebuerg géif ukommen.

E Mëttwoch ass am leschte 5 Froen un de Jean-Marie Jacoby vu "Mir d'Vollek" den Invité.