De Flüchtlingsrot huet virun den Europawalen d'Parteien ëm hir Meenung zu dem neien europäesche Migratiounspak gefrot.

Dobäi hätt ee festgestallt, dass de Kenntnisstand, ëm wat et am Pakt geet, relativ ënnerschiddlech wier. Ausserdeem hätten d’Parteien dacks relativ änlech Äntwerten op déi eenzel Froe ginn, esou dass de Rot e Manktem un Intressi fir déi Thematik gesäit.

Wann den neie Migratiounspak bis a Kraaft ass, solle Leit, déi nëmme wéineg Chancen op Asyl hunn, baussent den EU- Grenzen hir Demande stellen, an do op eng Äntwert waarden. Ausserdeem kënnen d'Memberstaate Migranten an Zukunft a sougenannte sécher Drëttlänner expulséieren, wou si dann eng Demande op Asyl maache mussen. Dofir mussen d'Migranten eng Relatioun zum Land hunn, zum Beispill well se do Famill hunn.

Ënnerstëtzt gëtt de Pak vun der CSV an der ADR, grad wéi vun der DP an der LSAP, déi et als Kompromëss gesinn. Déi Lénk, déi Gréng, Volt, an d’Pirate gesinn de Pak kritesch. Déi Konservativ hunn net geäntwert. Gefrot goufen all Parteien, déi Enn Mäerz schonn eng Lëscht fir d’Europawalen haten. Déi eenzel Äntwerte fënnt een um Site vum Flüchtlingsrot.