Obwuel d'Heescheverbuet an der Stad warscheinlech géint d'Verfassung geet, wier et eleng un de Riichter, ze tranchéieren.

De wëssenschaftlechen Déngscht vun der Chamber huet sech an enger Analys vun 62 Säite mat der Fro beschäftegt, ob d'Heescheverbuet an der Stad verfassungskonform ass oder net. Zum Schluss vun der Etüd gëtt dann d'Conclusioun gezunn, dass d'Verbuet warscheinlech géint d'Constitutioun geet.

Allerdéngs wier et eenzeg an eleng un de Riichter, fir ze tranchéieren, ob de kommunale Reglement am Endeffekt verfassungskonform ass oder net.

D’Analys duerch déi wëssenschaftlech Ekipp vum Parlament hätt awer gewisen, dass d’Repressioun géint d’Heesche vill Froe géif opwerfen. Virun allem misste grondleeënd Reflexioune gefouert ginn, iwwert d’Bestëmmunge vun der sougenannter einfacher Heescherei an de Kompetenze vun de Gemengen a Froe vun der Verwaltungspolitik.
Wann do nämlech näischt geännert géif, mat Siicht op d’Heescherei a méigleche Limitte vun de Fräiheeten, déi eng Gemeng kann decidéieren, géifen d’Reglementer riskéieren, iergendwann illegal ze ginn, heescht et an der Conclusioun vun der wëssenschaftlecher Nott.