Frontalieren hunn déi lescht Deeg misse Gedold matbréngen. Zanter Ufank der Woch kontrolléiert déi däitsch Police d'Grenzen am Kontext vun der Futtball-EM.

Duerch d'Grenzkontrolle soll verhënnert ginn, datt am Kader vun der Europameeschterschaft an Däitschland Hooligans respektiv Extremisten areesen. An dat huet besonnesch owes am Beruffstrafic zu Perturbatiounen a Richtung Däitschland gefouert. Sou wier dat net ofgemaach gewiescht, heescht et aus dem Lëtzebuerger Interieur.

Den Inneminister Léon Gloden huet en Donneschdeg am Kader vum Conseil vun den europäesche Justiz- an Inneministeren hei zu Lëtzebuerg dowéinst bei senger däitscher Homologin Nancy Faeser intervenéiert.

"Ech hat net matgedeelt kritt, datt d'Polizisten, déi däitsch Bundespolizei, géif op der Bréck selwer stoen. Mir hate matgedeelt kritt, datt dat geschéie géing um Territoire vun Däitschland selwer. Am Hannerland. An duerfir hunn ech haut de Moien nach emol mat der Madamm Faeser geschwat. A wéi gesot, si huet och Versteesdemech duerfir gewisen a si huet mer assuréiert, datt si do nach emol géif intervenéieren."

Den CSV-Inneminister stellt net d'Noutwennegkeet vun de Grenzkontrollen a Fro. Sécherheet géif virgoen. Et misst een awer och Versteesdemech duerfir hunn, datt d'Leit am Beruffstrafic net wëlle stonnelaang am Stau stoen.

E Freideg ass den Optakt vun der EM an Däitschland mam Match Däitschland-Schottland. D'Grenzkontrolle solle bis den 19. Juli daueren.