2023 waren et 13 PannenDe Pet-Scan am CHL war dëst Joer schonn aacht mol en panne

RTL Lëtzebuerg
D'lescht Joer hat den Apparat, dee fir d'Diagnostik an d'Behandlung vu Kriibspatienten agesat gëtt, 13 Pannen.

Dat huet d’Gesondheets- a Sozialversécherungsministerin Martine Deprez dem CSV-Deputéierte Max Hengel wärend der Froestonn an der Chamber geäntwert. Déi lescht Pann gouf Dënschdeg behuewen. Eng 100 Rendez-vousen hu misse geréckelt ginn.

De Pet-Scan am CHL ass deen eenzegen am Land. E wier fir 20 Rendez-vousen den Dag ausgeluecht, esou d’Martine Deprez. Ma et géifen elo scho 35 Patienten den Dag un d’Rei komme wéinst dem grousse Besoin. De leschten Dezember hat d’Chamber d’Uschafe vun engem zweete Pet-Scan gestëmmt.

An d’Gesondheetsministerin sot:

“Deen ass haut autoriséiert ginn an do geet elo d’Commande eraus an déi misst Enn des Joers operationell sinn. Bis dohinner drécken ech all deene Leit mäi Matgefill aus, déi dann elo wéinst deene Pannen hu musse waarden a méi oder manner laang dann op hir Gewëssheet musse waarden. Mäi Matgefill an eis Entschëllegung, ech hoffen, datt mer am Dezember do kënne Remedur maachen.”

Fir de Retard wéinst der leschter Pann opzehuelen, ginn all Dag zousätzlech Rendez-vouse bäigesat. Enn Juni respektiv Ufank Juli ass de Pet-Scan dräimol och ausnamsweis samschdes op.

Back to Top
CIM LOGO