Trotz enger Interventioun vum Inneminister Gloden bei senger däitscher Homologin Faeser ginn d'Kontrollen op der däitscher Grenz onverännert weider.

Bis ewell huet d’Bundespolizei vun Tréier keng nei Indikatioune vun der däitscher Inneministesch Nancy Faeser kritt. Dat sot de Pressespriecher Stefan Döhn e Freideg am RTL-Interview. Vun de geneeën Ofsproochen tëscht Lëtzebuerg a Berlin wéisst hien näischt.

Den Inneminister Léon Gloden hat jo um Donneschdeg gesot, dass d'Grenzkontrollen, déi Däitschland wéinst der Europameeschterschaft mécht, net esou ausgemaach waren. D'Frontaliere wieren ze staark betraff. Dowéinst hätt hien nach emol mat der däitscher Inneministesch geschwat. D'Grenzkontrolle lafen nach bis den 19. Juli an de Pressespriecher vun der Tréierer Bundespolizei huet betount, dass et wichteg wier, Pabeieren dobäi ze hunn, souwuel déi vum Auto wéi och déi, fir sech selwer kënnen auszeweisen.

Kontrolléiert géif sporadesch, esou de Stefan Döhn. D'Policebeamten hu Consignen an halen deementspriechend just verschidde Gefierer un. Detailer, wat d'Krittäre sinn, konnt de Pressespriecher net soen.

Leit, déi mir op der Tankstell zu Waasserbëlleg ugetraff hunn, hunn zwar op der enger Säit Versteesdemech gewisen, mä awer och Frust. Duerch d'Kontrollen huet sech hire Wee heem no der Aarbecht nach emol verlängert. Dobäi wier ee wéinst der Baustell op der Tréierer Autobunn schonn immens geplot. Dobäi kéim, dass d'Leit duerch kleng Dierfer fueren, fir d'Kontrollen an de Stau ze ëmgoen, esou eng Awunnerin. Et wier ee frou, wann d'Kontrollen eriwwer sinn.