Den DP-Kulturschäffe gouf jo am Abrëll a sengem Beruff als Affekot wéinst schwéierem Steierbedruch verurteelt.
E Freideg e Moien huet de Marc Baum vun déi Lénk de Pim Knaff an enger Motioun opgefuerdert, zeréckzetrieden. Ma de Vott gouf awer vum CSV-Buergermeeschter Christian Weis net zougelooss. Esou eng Mesure wier am Gemengegesetz net virgesinn, wier d’Erklärung gewiescht.
Am RTL-Interview präziséiert de Marc Baum awer, dass de Gemengerot sech mam Vott just inhaltlech hätt kënne positionéieren. Dat wier wichteg gewiescht. Gefrot gouf nämlech an der Motioun, dass de Pim Knaff fräiwëlleg demissionéiert. Och no engem Vott hätt de Kulturschäffen ëmmer nach selwer d’Decisioun missen huelen.
De Marc Baum vun déi Lénk huet nach präziséiert, dass mat dëser Motioun d’Vertrauen an d’Politik nees sollt hiergestallt ginn. Et hätt een dem Pim Knaff d’Méiglechkeet wëlle ginn, de Leit dëst Vertrauen nees ze ginn. Dass de Vott verhënnert gouf, wier skandaléis.