Lokal-Police start a Pilotphas, Oppositioun net ganz iwwerzeegt
Esouwuel am Gemenge- wéi am Chamberwalkampf d'lescht Joer war se een Thema, elo gëtt se Realitéit: d'Lokal-Police.
Op d'mannst emol an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch. E Méindeg de Moie gouf de Pilotprojet vum Inneminister Léon Gloden, dem Policedirekter Pascal Peters an de Buergermeeschtere Lydie Polfer a Christian Weis presentéiert. Obwuel den Term Gemengepolice net korrekt wier, am Fong misst ee vun enger Police Locale schwätzen. De Léon Gloden huet dorobber higewisen, datt mam Policegesetz vun 2018 den Term Proximitéit aus dem Text verschwonne wier. Dobäi wier et der CSV-DP-Regierung wichteg, datt d'Beamten no bei de Leit sinn.
"D'Poliziste kennen d'Leit an d'Gemeng, d'Leit kennen d'Polizisten, déi all Dag dobaussen um Terrain sinn. Am Fong sinn d'Polizisten de gudden Noper vun de Bierger a Biergerinnen. Dofir lo deen heite Pilotprojet. Et ass keng Police nieft der Police, déi Unitéit vun der police locale ass en integrale Bestanddeel vum aktuelle Corps. Si kréien ee spezielle Badge."
Dee Badge, op deem "Police Locale" steet, ass a bloer Faarf gehalen an d'Beamten hunn e ronderëm den Aarm. Den Design ass provisoresch a soll, genee wéi d'Policeuniformen am allgemengen, optesch iwwerschafft sinn. Mam Badge soll de Bierger signaliséiert kréien, datt d'Polizisten een Uspriechpartner fir si sinn. Déi Stater Buergermeeschtesch Lydier Polfer fënnt et gutt, datt elo méi op Präventioun gesat gëtt.
"Ouni Sécherheet gëtt et kee fräit an oppent Liewen an enger Stad an an enger Gesellschaft. An dat hei ass effektiv ee ganz kloert Signal, datt dat fir eis ganz wichteg ass, datt et eng Prioritéit ass an ech si frou, datt mer mat der Regierung, mam Minister, kënnen op deem do Wee ganz konkret nei Schrëtter goen."
D'Stad Lëtzebuerg kritt 20 Beamte vun der Lokal-Police, d'Stad Esch der 4. An enger éischter Phas sollen d'Membere vun der Lokal-Police, déi op Kommissariater an der Gemeng schaffen, op der Gare, zu Bouneweg an an der Uewerstad ënnerwee sinn. Zu Esch wäert dat och op der Gare an am Zentrum de Fall sinn.
Fir den Escher Buergermeeschter Christian Weis war direkt kloer, datt ee beim Projet matmaache géing, well een esou d'Méiglechkeet hätt, mat ze gestalten. Et géing dobäi och net just ëm d'Sécherheet u sech goen.
"Ech mierken ëmmer rëm, datt wann ech a Gespréicher si mat Biergerinnen a Bierger zu Esch, datt mer op der enger Säit d'Diskussioun hunn iwwer d'Sécherheet an dann awer och den Aspekt vum Sécherheetsgefill. Natierlech ginn et do ganz kloer Korrelatiounen, et gëtt awer och heiansdo Elementer oder Plazen oder Situatiounen, wou ee seet, eigentlech ass dat Sécherheetsgefill net onbedéngt op Grond vun der Sécherheet, déi reell op der Plaz existéiert, begrënnt, sou schlecht oder sou gutt. Mee do sinn einfach aner Elementer, déi matwierken."
D'Beamte vun der Lokal-Police ginn aus dem Interventiounssystem erausgeholl, bleiwen awer iwwer Funk mat der Leetstell verbonnen. Si schaffen an engem Rotatiounsprinzip a patrulléieren vu méindes bis samschdes tëscht 7 an 21 Auer.
D'Pilotphas soll 6 Méint daueren an da gëtt Bilan gezunn. Dat soll hëllefen, erauszefannen, wéi d'Policegesetz iwwerschafft soll ginn.
Reaktiounen no der Presentatioun
An an der Mëttesstonn gouf de Projet Lokal-Police dunn och an der Chamberkommissioun vun den Affaires intérieures presentéiert. D'Oppositioun war net wierklech iwwerzeegt. Fir den Tom Weidig vun der ADR sinn et éischter kleng Upassungen, op kee Fall wier et ee grousse Worf.
"Also ech mengen net, datt lo ganz grouss Ännerunge gemaach ginn. Dat ass éischter eng liicht Ëmstrukturéierung vun där Police, déi am Moment existéiert. An eppes anescht, de Buergermeeschter huet net wierklech méi Weisungsmuecht, dofir mengen ech, datt sech och do net sou vill ännere wäert."
Duerch d'Bändchen um Aarm géingen d'Polizisten awer op d'mannst e bëssi méi visibel ginn. De Marc Goergen vun de Piraten hätt dat visuellt Zeechen net gebraucht, onofhängeg dovunner missten awer méi Beamten op den Terrain. A sengen Aen ass déi nei Approche iwwerdeems ontransparent, well de Gemengerot net méi an d'Diskussiounen tëscht dem Buergermeeschter an der Police mat agebonne géing ginn.
"Virdru konnt een dat am Comité maachen, mat deenen anere Leit aus der Gemeng zesummen. A lo hunn ech dem Minister explizitt d'Fro gestallt, de Gemengerot wäert keen Accès kréien op d'Informatiounen, dat heescht, et ass keng politesch Kontroll do an en plus gi keng Rapporte geholl. Dat heescht, wat de Buergermeeschter herno dem Chef vun der Police wäert soen, gëtt net an engem Rapport festgehalen. Wat ech ganz bedenklech fannen, och fir eis Policebeamten, well wann zum Beispill de Buergermeeschter eng verréckt Iddi huet a si soen nee, wéi sti se dann herno do?"
Alles an allem fënnt de Piratendeputéierten, datt net méi vill vun deem iwwreg bliwwe wier, wat d'CSV am Walkampf versprach gehat hätt.
Dat schreiwen iwwerdeems och déi Gréng an engem Communiqué. An hiren Ae wier dat näischt aneres wéi eng Marketingaktioun vum Inneministère. Vun enger Gemengepolice kéint och net Rieds sinn, "wa weder e separate Corps geschaaft gëtt, nach eng nei Weisungsmuecht fir Buergermeeschteren". Déi grouss ugekënnegt Gemengepolice wier schlussendlech "vill Show ëm ganz wéineg Substanz".
De Meris Sehovic, eenzege Member vun deene Gréngen an der Chamberkommissioun vun den Affaires intérieures, wollt sech no der Sëtzung iwwregens net äusseren. Hie sëtzt jo zu Esch, wou de Pilotprojet mat uleeft, zesumme mat Vertrieder vun CSV an DP am Schäfferot.
Den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana huet sech erliichtert gewisen.
"Also mir sinn als LSAP berouegt, datt dat, wat eis haut presentéiert gouf, net deem entsprécht, wat initial wärend der Walcampagne effektiv presentéiert gouf. Engersäits, datt et am Fong eng lokal Police sollt sinn, wou de Buergermeeschter eng direkt Weisungsgewalt sollt hunn, wou natierlech och de Risiko vun Abuse besteet. Dat Zweet, et gouf och doriwwer nogeduecht, datt d'Gemenge sech finanziell dorunner sollte bedeelegen, wat natierlech mat sech géing bréngen, datt Gemengen, déi besser gestallt sinn, sech méi Poliziste kéinte leeschte wéi Gemengen, déi net esou vill Suen hunn. Dat wat mer haut presentéiert kritt hunn, beweegt sech am Gesetz vun 2018."
Sollt de Projet esou ëmgesat ginn, wéi e presentéiert gouf, géing en op deenen Efforte foussen, déi déi lescht Regierung bei der Rekrutéierung gemaach hätt.
De Léon Gloden huet iwwregens net ausgeschloss, datt een no der Testphas op de Wee goe kéint, de Buergermeeschtere rëm méi Muecht ze ginn. Sollt dat de Fall sinn, plädéiert den Dan Biancalana dofir, datt ee klore Kader definéiert gëtt. Am Moment géing d'Zesummenaarbecht tëscht de Gemengen an der Police op alle Fall gutt klappen.
Schreiwes vum Inneministère
Lancement du projet-pilote «police locale» à Luxembourg-Ville et à Esch-sur-Alzette (01.07.2024)
Communiqué par : ministère des Affaires intérieures
Lundi 1er juillet, le ministre des Affaires intérieures, Léon Gloden, ensemble avec le bourgmestre de la Ville de Luxembourg, Lydie Polfer, le bourgmestre de la Ville d’Esch-sur-Alzette, Christian Weis, et le directeur général de la police grand-ducale, Pascal Peters, a présenté le projet-pilote de police locale à Luxembourg et à Esch-sur-Alzette, qui s’étendra sur une période de six mois.
Ce projet-pilote s’inscrit dans la volonté du gouvernement d’assurer une présence policière renforcée dans l’espace public et de garantir une proximité accrue avec la population dans le but de renforcer la prévention et d'améliorer le sentiment de sécurité: «Depuis l’entrée en vigueur de la loi sur la police de 2018, la police a perdu en proximité; le terme ne fait même plus partie du texte législatif depuis», a souligné Léon Gloden. «Pour ce gouvernement, la restauration du travail de proximité est une priorité. Cette proximité relève du principe des 4P pour un meilleur sentiment de sécurité au sein de la population: personnel – présence – proximité – prévention.» Dans ce contexte, il convient de rappeler que, pour disposer des effectifs nécessaires, le ministre des Affaires intérieures a augmenté le nombre de candidats par promotion de 160 à 200.
Lydie Polfer explique: «La sécurité des citoyens constitue une priorité pour le collège échevinal de la Ville de Luxembourg. Une présence policière est essentielle pour garantir le respect des règles qui régissent notre société et renforcer le sentiment de sécurité de la population. Grâce à sa présence sur le terrain et la proximité avec les citoyens, la police locale peut intervenir rapidement en cas de besoin et remplir une fonction préventive en patrouillant dans l’espace public. Je suis persuadée que ce projet pilote permettra de rendre notre capitale plus sûre.»
Christian Weis ajoute: «Je suis convaincu que notre participation à ce projet-pilote, qui met l'accent sur la prévention et le respect des règlements de police communaux plutôt que sur la répression à posteriori, représente une opportunité unique pour la Ville d’Esch-sur-Alzette. Avoir des agents proches de notre population est essentiel pour répondre aux besoins de notre communauté et renforcer le sentiment de sécurité, le bien-être et la qualité de vie de nos citoyens.»
Le directeur général de la police grand-ducale a présenté les modalités d’exécution de la police locale. À partir du 1er juillet, des patrouilles spécifiques seront mises sur pied dans les deux villes précitées. Ces patrouilles se concentreront exclusivement sur les missions préalablement définies par les directions régionales respectives après concertation avec les deux bourgmestres.
Le champ d’action de ces patrouilles est le suivant:
Maintien de l’ordre public local afin de garantir la sécurité, la tranquillité et la salubrité publiques.
Présence policière visible à des endroits stratégiques prédéfinis pour assurer la sécurité des citoyens et prévenir les incidents.
Les bourgmestres de la Ville de Luxembourg et de la Ville d’Esch-sur-Alzette se concerteront régulièrement avec leur direction régionale de police respective afin d’évaluer la situation sur le terrain et d’ajuster la stratégie d’engagement des patrouilles de police locale en cas de besoin.
Les patrouilles seront déployées du lundi au samedi, ainsi que les dimanches en fonction des besoins opérationnels. Dans une première phase, 20 policiers sont prévus pour la Ville de Luxembourg et 4 pour la Ville d’Esch-sur-Alzette, chaque jour. Le nombre optimal de patrouilles sera établi à la suite des premières concertations. À noter que les agents concernés porteront un brassard distinctif avec la mention «POLICE LOCALE».
Un bilan du projet-pilote sera dressé fin 2024.