Sozialaarbechter kritiséiere Situatioun vu Sans-abrien an Ëmgang mat hinnen

© Marc Hoscheid
Et géifen net genuch Strukture fir déi betraffe Leit ginn an d'Waardezäite fir déi relevant Servicer wieren ze laang.
"Mir refuséieren, passiv Zeien ze si vun engem gescheiterte System, deen ze vill Leit am Stach léisst" Dat schreiwe Sozialaarbechter an engem anonymme Bréif iwwert d'Situatioun vun ënnert anerem de Sans-abrisen a schwätze selwer vun engem Hëllefsruff.
Et géife ganz kloer net genuch Strukturen an einfach ze vill Defie ginn, fir déi concernéiert Leit. D'Wanteraktioun zum Beispill, déi wärend ronn 5 Méint 320 Better zur Verfügung huet, wier nëmmen eng kuerzfristeg Léisung an an den Ae vun de Sozialaarbechter just eng Initiativ, fir e Skandal ze verhënneren, wa wärend de Wanterméint eng Persoun op der Strooss géif stierwen.
Fir eng Plaz an enger klenger Wunnstruktur, an de Sucht-Servicer, den Therapiezenteren oder enger Sozialwunneng ze kréien, géifen d'Leit an der Reegel tëscht dräi Méint an engem Joer waarden. Dat wier net ze dulden a géif de Problem just weider verstäerken an d'Leit an hirer Prekaritéit gefaangen halen. Aus der Vollekszielung vun 2023 ass ervirgaangen, datt 195 Leit an der Stad Lëtzebuerg op der Strooss géife liewen. Wann een dann nach d'Leit dobäi zielt, déi an der Wanteraktioun hebergéiert goufen, kéim een op 425 Sans-abrien. Woubäi dat och just eng Aschätzung wier an ee vun engem nach méi héije Chiffer misst ausgoen.
Aner Krisen hätte gewisen, datt d'Politik wuel gewëllt wier, séier an effikass ze agéieren, zum Beispill beim Accueil vu Flüchtlingen aus der Ukrain. Do hätt et net u politeschem Wëlle gefeelt.
D'Meenung an d'Iddie vun de Sozialaarbechter um Terrain géife leider dacks vertuscht oder souguer zenséiert ginn. Et kéint een awer just gemeinsam eng Léisung fannen, fir d'Dignitéit an de Bien-être vun all de Membere vun eiser Gesellschaft ze garantéieren.