Uergen Accident op der A6Chauffer gouf aus Gefier geschleidert a schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie koum et géint 9.45 Auer op der A6 a Richtung Arel zu engem uergen Accident.
© Domingos Oliveira / RTL

Eng Piaggio war op der Autobunn ënnerwee, wéi en Auto vun hannen drop gerannt ass. D’Piaggio gouf duerch den Accident an d’Luucht katapultéiert an de Chauffer aus dem Gefier geschleidert. De Mann gouf schwéier blesséiert an nach op der Plaz vum Noutdokter behandelt. Dat huet d’Police an hirem Bulletin matgedeelt.

D’Autobunn hat wéinst den Opraumaarbechte kuerz misse fir de Verkéier gespaart ginn.

Ee Verwonnte gouf et e Samschdeg de Moien och bei engem Accident tëscht engem Auto an engem Camion op der A1. Dat tëscht Fluessweiler an dem Potaschbierg an Direktioun Tréier.

An zu Suessem hat et dann nach an der Lampecher Strooss an enger Garage gebrannt. Hei koum kee Mënsch zu Schued.

Back to Top
CIM LOGO