Nationalkongress zu Rued-SirSacha Pulli neie Generalsekretär vun der LSAP

Jeannot Ries
Op hirem ausseruerdentlechen Nationalkongress zu Rued-Sir huet d'LSAP e Samschdeg eng nei Parteispëtzt gewielt.
LSAP-Nationalkongress: Parteispëtzt gouf gewielt
D’Francine Closener an den Dan Biancalana bleiwen d’Co-Parteipresidenten, wärend de Sacha Pulli neie Generalsekretär gëtt

Confirméiert goufen d’Co-Presidentin Francine Closener mat 73,56 % an de Co-President Dan Biancalana mat 82,76 % vun de Stëmmen. Nei Vize-Presidentin vun der Partei gëtt d’Stater Gemengeconseillère d’Maxime Miltgen mat 88,12 % vun de Stëmmen.

Den Tom Jungen ass no 5 Joer op deem Posten net méi fir e weidert Mandat als Generalsekretär ugetrueden. Fir seng Successioun koum et zu enger Kampfofstëmmung. Dat tëscht dem fréiere President vun de Jong-Sozialisten Amir Vesali an dem LSAP-Tresorier Sacha Pulli. Fir den Escher war deen Duell net dee vun ee géingt deen aneren, ma en Zeeche vun Engagement fir d’Partei. Um Enn hu sech 57,85 % vun de Parteimemberen am Sall fir de Sacha Pulli ausgeschwat.

Et war en LSAP-Kongress, op deem et vill Kritik un der Aktueller CSV-DP-Regierung gouf. Déi vun der Co-Parteipresidentin Francine Closener als autoritär-liberal Konservativ duergestallt gouf. Op déi een oppasse misst. Béid Parteie wiere sech es net ze schued, fir an der Chamber zesumme mat der ADR ofzestëmmen. Eng Regierung an där de CEO Frieden den Toun géif uginn. Kee Wonner, datt CSV an DP do bei der Aarmutsbekämpfung versoe géifen.

D’LSAP gesäit sech als d’Partei mat villen neie Gesiichter, déi deenen eng Stëmm gëtt, déi keng hunn. Als Lobby fir déi, deenen et net esou gutt am Land geet. Eng Partei, déi ëmmer hire Wäerter an Idealer trei bliwwe wier. Dat wier och bei den Europawale vum Wieler mat engem Plus un 10% vun de Stëmme belount ginn. Dat hätt der LSAP och 700 nei Membere bannent de leschten 18 Méint abruecht. D’Leit hätte Loscht op LSAP, sou d’Francine Closener.

Back to Top
CIM LOGO