Widderspréchlech Avisë vu Salariats- a Patronatsvertrieder iwwer Pensiounsreform
Salariats- a Patronatsvertrieder si sech net eens ginn, esou datt e zwee separat Avisë ginn.
D’Salariatsvertrieder ënnersträichen, datt d’Reserven am Regime général, also d’Rente fir de Privatsecteur, héich sinn, d’Projektiounen an der Vergaangenheet ëmmer ze vill pessimistesch waren an déi lescht Reform vun 2012 scho wesentlech Verschlechterunge fir d’Assuréeë mat sech bruecht huet. Amplaz vu Leeschtungskierzunge misst een och driwwer nodenken, nei Finanzementer ze sichen. Zum Beispill andeems d’Cotisatioune gehéicht géifen, de Plaffong op de Cotisatiounen ofgeschaaft gëtt oder carrement Steieren um Kapital mat bäi geholl ginn, fir de System méi onofhängeg vun der Croissance vum Aarbechtsmaart ze maachen.
D’Patronatsvertrieder maachen eng aner Analys. Fir si ass de Regime général vun de Pensiounen net iwwer en Zäithorizont bis 2070 geséchert. De Lëtzebuerger Pensiounssystem wier am internationale Verglach dee generéisten. Dofir misst een eng Reform op der Depensesäit virgesinn, also bei de Leeschtunge fir d’Assuréeën. Fir si kënnt eng Augmentatioun vun de Cotisatiounen net a Fro, well d’Betriber doduerch u Kompetitivitéit géinge verléieren.
Si proposéieren op der Géigesäit fir d’Reform vun 2012 ze verdéiwen an d’Cotisatiounsplaffongen erofzesetzen, fir datt manner héich Rentenuspréch entstinn. Doduerch kéint een hirer Meenung no dofir suergen, datt de System méi kleng Pensiounen op d’laang Siicht kéint bezuelen. D’Patronatsvertrieder schreiwen och dovun, datt ee credibel misst bleiwe géintiwwer internationalen Acteuren, fir den AAA net ze verléieren an dovun, datt een e wierkleche Laangzäitplang bréicht fir d’Produktivitéit, d’Kompetitivitéit, d’Attraktivitéit, d’Infrastrukturen an déi sozial Kohesioun.