
Géint 21 Auer ass op der Héicht vu Kapellen en Auto an d’Leitplanke gerannt. Ambulanze vu Mamer an aus der Stad waren op der Plaz.
D’Police mellt dann nach een Auto, deen e Sonndeg de Moie géint 5.30 Auer op der A3 Schlaangelinne gefuer ass. De Won ass d’Ausfaart Diddeleng erausgefuer.
Eng Patrull konnt de Won kuerz Zäit drop an der Géigend vun der franséischer Grenz erëmfannen - den Auto war matten op der Géigebunn geparkt an hat de Moto nach lafen. Am Won huet de Chauffer déif a fest geschlof. Wou d’Beamten hie waakreg gemaach hunn, hätt de Chauffer zimmlech duerchernee gewierkt an hätt och staark gelallt, heescht et am Policebulletin.
De Chauffer hat Schwieregkeeten, eleng aus dem Won ze klammen, esou datt d’Beamten him dobäi hu missen hëllefen, fir datt hien net géif d’Gläichgewiicht verléieren. En Alkoholtest ass positiv verlaf an de Chauffer huet säi Fürerschäi missen ofginn.
Zu Hënsdref gouf e Sonndeg de Mëtteg um 15.30 Auer e Cyclist vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Dat mellt den 112. Donieft gouf et kuerz virun e Sonndeg de Mëtteg zu Nidderkuer an enger Kichen e Feier an zu Ettelbréck huet en Auto gebrannt.