Messer involvéiertKläppereien an der Uewerstad an a Clausen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg gouf der Police géint 17 Auer eng Kläpperei tëscht e puer Leit an der Uewerstad op der Héicht vum Hamilius gemellt. 
© RTL-Archiv

Op der Plaz hunn d’Beamten dunn awer gesinn, datt och Messer involvéiert war - zwou Persounen hätte mat de Waffen hantéiert an déi aner domat menacéiert, heescht et am Policebulletin.

D’Polizisten hunn déi zwou Persounen opgefuerdert, d’Messer falen ze loossen a sech op de Buedem ze leeën, wat si dann och gemaach hunn. Aus Sécherheetsgrënn wollten d’Beamten si dunn immobiliséieren, ma ee vu Béiden hätt sech dogéint gewiert a mat de Féiss no de Beamte getrëppelt.

Kuerz Zäit drop waren déi zwee Aggresseuren dunn awer ënnerwee fir mat op de Policebüro. D’Messer goufe saiséiert a si goufe protokolléiert.

Handgräiflechkeeten och a Clausen

Zu enger Kläpperei koum et dunn och nach géint 2.25 Auer um fréie Sonndegmoien. An de Rives de Clausen op der Héicht vun dem Pont Margot Libens-Reiffers hu Poliziste gesinn, wéi ee Mann engem anere Mann mat der Fauscht an d’Gesiicht geschloen huet.

D’Beamte sinn a Richtung vun der Kläpperei gelaf an hunn deem enge Mann zougeruff, e sollt ophalen. Dat huet hien dann och gemaach, andeems hien d’Been an de Grapp geholl huet a sech duerch d’Bascht gemaach huet.

D’Beamte konnten hien awer anhuelen an et koum zu Handgräiflechkeeten tëscht dem Mann an de Polizisten. Well de Mann net just ze vill gedronk hat, ma och eng Gefor fir sech an anerer gewiescht wier, hunn d’Beamten hien an d’Ausniichterungszell bruecht.

Onéierleche Kiermesaarbechter zu Ettelbréck

E Samschdeg den Owend géint 18.50 Auer huet sech eng Fra, déi op der Kiermes zu Ettelbréck war, bei der Police gemellt. si hat ee Geldschäin bei engem Spill verluer an huet de Mataarbechter vum Spill beschëllegt, de Schäin an déi eegen Täsch gestach ze hunn. Si hat och scho mam Mann geschwat, ma ouni Resultat.

Och wou d’Polizisten koumen an hien op d’Suen ugeschwat hunn, huet hien ufanks nach gesot, onschëlleg ze sinn. De Schäin konnt schliisslech awer erëmfonnt ginn, an enger Këscht nieft dem Kiermesspill. De Mann huet doropshi seng Dot gestanen, heescht et am Policebulletin. Amplaz vun engem “Finderlohn” krut hien e Protokoll.

Back to Top
CIM LOGO