Zu Éinen gouf e Sonndeg op de Wënzerdeeg de Riesling vum Joergang 2023 presentéiert. Dat ganzt natierlech mat vill Gebléis.
Gutt haart, mat vill Tamtam goung et e Sonndeg de Moien um 10 Auer duerch de Kär vun Éinen bis bei d’Kierch. Och den Nowuess war hei traditionell vertrueden an dat mat engem ganz eegene Faass Drauwejus. Och déi wësse scho wat gutt ass fir Broscht a Been. An awer gëllt et, déi Jonk scho fréi un d’Kulturgutt vun der Musel ze gewinnen., erkläert d’ Martine Kohll, Institut Viti-Vinicole: “Dat wäerten elo eng 10-12 Joer si wou d’Kanner matmaachen. D’Kanner sinn eis Zukunft. Si sinn eis zukünfteg Wënzer a Wënzerinnen. Et ass wichteg, datt och si mat agebonne ginn an och si hiren Éinener-Jus um Wënzerdag kënne mat presentéieren.”
Geseent gouf - och dat ass eng Traditioun - en 20 Liter Faass mat enger Éiner Rieslingsmëschung. Éinen war an der Zäit emol eng Rivaner Héichbuerg. Ma deen huet iwwer déi lescht Joerzéngten u Popularitéit verluer. Op 54 Hektar gëtt nach zu Éinen produzéiert. 9 Wënzer, dorënner 5 Privatbetriber ginn et nach.
Martine Kohll: “Iwwer déi lescht 20 Joer ass de Rivaner hei zu Éinen ofgebaut ginn. Et ass méi op Burgunder-Zorte gesat ginn: Ewéi Auxerrois, Pinot Blanc, Pinot Gris fir d’Cremant-Produktioun. Zanter 1991 ass de Lëtzebuerger Cremant eng Success Story. An do gouf sech drun ugepasst.”
Um 11.15 Auer war et dann esou wäit. Den Undrang op de Wäi gouf offiziell agelaut, ob mat oder ouni Alkohol. D’Festivitéite fir den Dag ware lancéiert. Dat scho fir déi 39. Kéier.
Martine Kohll: “Éinen ass e schéint, heemlecht, klengt Duerf mat enke Gaassen. Et gesäit ee vill Blummen. D’Haiser sinn dekoréiert. Ech mengen de Charme vun der Uertschaft, awer och d’Gaaschtfrëndschaft vun den Éinener Leit zitt all Joer Leit op de Wënzerdag, mä och op d’Musel.”
Traditionell zitt et d’Touristen dann no 14 Auer an d’Musel-Dierfchen. Ze schmaache gëtt et 6 Domainer a Kellereien. E Fest, dat Jonk ewéi Al begeeschtert.