E Krise-Comité gouf agesat, Lëtzebuerger Flüchtlingsrot reagéiert
© Didier Weber / RTL
Dat huet de Verwaltungsrot vun der ONG decidéiert, mellen e Méindeg de Moien d'Kolleege vum Radio 100,7.
D’Personal hätt dat och scho matgedeelt kritt.
De Krise-Comité géif vum Christian Billon presidéiert ginn, dee fir seng professionell Erfarung am Finanz- a Sozialsecteur bekannt wier, schreift d'Caritas an enger interner Kommunikatioun.
Véier weider Leit wieren dra vertrueden, dorënner och déi aktuell Presidentin vum Verwaltungsrot Marie-Josée Jacobs.
De Verwaltungsrot hätt d'Gesellschaft PricewaterhouseCoopers mandatéiert, fir de Krise-Comité ze ënnerstëtzen.
Lëtzebuerger Flüchtlingsrot reagéiert op Evenementer bei der Caritas
D'Prise en charge vu Refugiéë misst ganz kloer iwwer finanziell Consideratioune gestallt ginn. D'Annonce vun der Regierung, datt d'Caritas net finanziell gehollef kritt, dierft net als Konsequenz hunn, datt d'Qualitéit vun där Prise en charge manner gutt gëtt. De Staat wier op d'ONGen ugewisen an hätt trotzdeem nach ëmmer Schwieregkeeten, seng Missiounen effikass ze erfëllen. Rezent Beispiller hätten dat gewisen, schreift den LFR a verweist op Asyldemandeuren, déi e Logement refuséiert kruten.
Mat enger Defaillance bei der Caritas géing ee riskéieren, datt d'Situatioun sech verschlechtert. De Flüchtlingsrot weist sech iwwerdeems solidaresch mat de Mataarbechter a Fräiwëllege vun der Caritas. Op hir Kompetenze kéint bei der Integratioun vu Flüchtlingen net verzicht ginn an hir Aarbecht misst weider goen.