Policeauto gerammt, zwee Beamte blesséiert

© Domingos Oliveira / RTL
En Dënschdeg gouf der Police géint 15.45 Auer e Chauffer gemellt, deen tëscht Giewel a Gëtzen a Richtung Capellen a Schlaangelinnen ënnerwee war.
Ma wéi d'Police de Chauffer unhale wollt, huet dësen d'Opfuerderung einfach ignoréiert an ass geflücht. Am Laf vun der Poursuite huet de Mann geféierlech Iwwerhuel-Manöver gemaach an ass deels däitlech ze séier gefuer.
Wéi hien dunn op e Police-Won duergefuer ass, deen d'Strooss blockéiert huet, fir de Mann zum Unhalen ze bréngen, koum et zu enger Kollisioun tëscht dem Auto an dem Déngschtwon vun der Police. Zwee Beamte goufen heibäi liicht blesséiert a koumen dono fir eng Kontroll an d'Spidol.*
Obwuel de Won vum beschëllegte Fuerer staark beschiedegt gouf, huet hien trotzdeem versicht, weider ze flüchten. Méi wéi e puer Meter koum de Mann allerdéngs net, hie gouf séier vun der Police gestoppt. Well hien net aus dem Auto klamme wollt, huet d'Persoun missten immobiliséiert ginn.
Den Alkoholtest war positiv, de Permis gouf agezunn. Dobäi kënnt, dass hien och wéinst Rebellioun protokolléiert gouf. De Mann gouf festgeholl, a koum e Mëttwoch am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.
*Um Ufank war nach vun enger blesséierter Beamtin rieds. En Donneschdeg huet d'Police da matgedeelt, dass zwee Beamte blesséiert goufen.