Police huet op Fluchtauto geschoss, Täter konnt festgeholl ginn
E Mëttwoch de Moie koum et zu engem gréisseren Asaz am Raum Mamer/Capellen. Laang war net richteg gewosst, wat genee geschitt ass.
Am Ufank hat d'Police vu verdächtege Persounen am genannten Ëmkrees geschwat. Et war och d'Warnung un de Public, keen am Raum Mamer/Capellen mam Auto matzehuelen. Eng Persoun war do no engem Abroch op der Flucht a konnt e puer Stonnen dono gepëtzt ginn. Wéi et heescht, hätt een de presuméierten Täter op der Strooss festhuele kënnen.
Op Nofro huet et geheescht, datt d'Police géint 11.25 Auer an der Rue des Roses zu Mamer eng Persoun gemellt kritt hat, déi do versicht huet, an e Gefier anzebriechen. De Verdächtege wier do och lokaliséiert ginn, wier awer mat engem Auto geflücht.
D'Beamten hätte versicht, de Fluchtauto ze stoppen. Den Täter ass op d'Police duergefuer, dowéinst wier 2 Mol mat enger Déngschtwaff op d'Gefier geschoss ginn, sou de Pressebüro vun der Police. Den Täter ass dono zu Fouss geflücht.
D'IGP gouf op d'Plaz geruff, well vun enger Déngschtwaff Gebrauch gemaach gouf. Eisem Reporter op der Plaz no gouf e groussflächege Sécherheetsperimeter gezunn. Zu Mamer an der Ëmgéigend wiere ganz vill Policebeamten am Asaz gewiescht.
Beim Tëschefall ass den Informatioune vun der Police no kengem eppes geschitt.