Kreditter opgeholl, "déi se mat zukünftege Sue vum Staat garantéiert hunn"
D’Caritas erfëllt d’Krittären awer nach net, fir nees Sue vum Staat ze kréien, sou de Luc Frieden.
"Mir kucke fir de Moment all Optiounen a mir wäerte bis de September eng Léisung um Dësch leien hunn". Dat sot de Premier Luc Frieden no enger Entrevue mam OGBL, wou iwwert d’"Caritas-Kris" geschwat gouf. Am Moment wieren d’Krittären nach net erfëllt, fir datt de Staat der Hëllefsorganisatioun nees Sue kéint iwwerweisen – och net elo, wou d’Caritas e Krise-Comité mat externe Leit op d’Bee gestallt huet.
Dat wier zwar eng "vertrauensbildend Moossnam", esou de Premier. Mee de Luc Frieden huet erkläert, datt de Staat keng Sue kéint ginn, well nach net gekläert wier "wien, wat bei der Caritas falsch gemaach huet". An zweetens, well d’Caritas Kreditter opgeholl huet an Héicht vun 30 Milliounen, "déi si garantéiert hunn, mat zukünftege Suen, déi vum Staat kommen". De Premier sot, hie wier streng gewiescht, mee well et och seng Aufgab wier, d’Sue vum Staat ze schützen.
D’Paie wäerten awer weider ausbezuelt ginn, well de Staat déi Leit an hir Déngschtleeschtungen am soziale Secteur bräicht, huet de Premier nach emol verséchert. "Dee Staat wäert dofir suergen, datt déi Aktivitéite bleiwen an datt déi Leit, déi an deenen Aktivitéiten täteg sinn an déi den OGBL och hei vertrëtt, mir wäerten eis ëm déi Leit bekëmmeren", esou de Premier. Dofir géing hie mat den zoustännege Ministere bis de September eng Léisung um Dësch leien hunn, "och wann dat vläicht eng Iwwerganksléisung ass".
Wat d’Caritas-Aktivitéiten am Ausland ugeet, dat géing de Kooperatiounsminister Xavier Bettel kucken. Déi Aktivitéiten géinge sech vun deene nationalen ënnerscheeden, well se "net recurrent" wieren.
Den OGBL war no der Reunioun och zefridden. D’Presidentin vun der Gewerkschaft, d’Nora Back, sot, et misst ee just kucken, datt d’Léisungen am September och ëmgesat ginn.
Wéi d’Caritas iwwerhaapt konnt esouvill Suen léine goen a Kreditter kréien, dat géing hie esou vill "erstaunen" ewéi all Lëtzebuerger, esou de Luc Frieden weider. Allerdéngs kéint hien näischt iwwert d’Roll vun de Banke soen, esoulaang hie kee Bericht vun der Iwwerwaachungskommissioun CSSF dozou huet.