De Stauséi
Dës Woch presentéiere mer Iech déi verschidde Schwammgewässer hei am Land.
De Stauséi ass mat senge 17 Kilometer eent vu de gréisste Schwammgewässer hei am Land. Et zitt net nëmmen Touristen op seng Plage, mee och d'Leit aus Lëtzebuerg gi sech mol gären an den Norden ofkillen. Den Ënnerscheed vu den zwou Zorten Touriste mierkt een och, esou de Ranger vum Naturpark Uewersauer, Tom Schmit.
"Dat ass eng Kéier den Tourist, dee wierklech an der Vakanz ass, dee fir puer Deeg an der Géigend ass, dee wëll eppes erliewen, an deen ass houfreg nozelauschteren an Informatiounen ze sichen. Op der anerer Säit ass den Dagestourist, dee schonn e bësse kënneg ass an der Géigend a wou et och deementspriechend schwéier ass nei Informatiounen oder Reegele bäizebréngen."
Am ganze ginn et 6 Plagen, déi all an der Schutzzonen 2B leien. Hei dierf een aktiv Waassersport bedreiwen. Méi an d'Richtung Esch-Sauer bei der Staumauer, do ass Schutzzone 1 oder 2A, an do ass et dann och verbueden an d'Waasser ze goen, fir dass dëst esou roueg wéi méiglech bleift.
An der ganzer Ëmgéigend ginn et ëm déi 10 Parkingen. Wat ee méi no un d'Plagë kënnt, an domadder an d’verschidden Uertschaften erafiert, sinn d'Parkingen dann och net méi gratis. Et ginn awer och Auswäich-Parkingen, e bësse méi wäit vu de Plagen, déi gratis sinn. Hei muss een dann awer e bëssen trëppelen, bis ee bei d'Waasser kënnt. Dës sinn och bei waarmen Deeg dacks net ganz voll.