De russeschen Oligarch Mikhail Fridman verklot Lëtzebuerg a fuerdert Schuedenersatz vu méi wéi 15 Milliarden Euro.

Dat mellt Reporter.lu a berifft sech op auslännesch Medien.

Dem Mikhail Fridman gehéiere Parte vun enger Rei Lëtzebuerger Holdingen a säi Verméige war wéinst EU-Sanktiounen an der Suite vum Ukrain-Krich och zu Lëtzebuerg blockéiert ginn. A genau dee Blockage kontestéiert de Geschäftsmann op Basis vun engem bilateralen Ofkommes tëscht der Belsch a Lëtzebuerg op där enger a Russland op där aner Säit. Dat Ofkommes soll Investisseuren op béide Säite protegéieren.

Dës Klo gëtt awer net virun engem klassesche Geriicht verhandelt, ma virun engem internationale Schiidsgeriicht. Nieft dem potentielle Schuedenersatz kommen op Lëtzebuerg egal wéi wuel Fraisen a Milliounenhéicht duer.