D'Wäertegkeet vum Handwierk an der Gesellschaft

Bei der "Association des maîtres d'enseignement Luxembourg" wëll een d'Leit mat Meeschterprüfung an d'Handwierk allgemeng méi an d'Vitrinn stellen.
Si wieren d'Réckgrat vun der Ekonomie. Ee luewenswäert Zil kéint ee soen, mä d'Realitéit ass dacks eng Aner. Et feelt dacks einfach u qualifizéiertem Personal an och u Leit mat Meeschterprüfung. Do seet de Christian Turk vun Amelux:
"Et ass ee gesellschaftleche Problem. Mir hu scho wéi oft gesot, dass d'Wäertegkeet vum Handwierk ... vun den Diplomer ... misst gehuewe ginn. Sou laang dat net geschitt, ass et schwéier. Et ass ee Facteur, deen d'Leit mir ëmmer soen: Déi Wäertegkeet, wéi steet een an der Gesellschaft do? Do muss d'Politik erugoen."
Handwierk ass mat ganz vill Effort an net ëmmer grad agreabelen Aarbechtszäite verbonnen.
"Ech mengen net, dass et nëmmen dorunner läit: Wann d'Leit an d'Handwierk ginn, déi Loscht hunn, déi dat wëlle maachen, dann huelen déi dat mat a Kaf. Mä wann net onbedéngt déijéineg dohinner ginn, déi Loscht drop hunn, dann ass et scho méi schwiereg.
Nieft der Loscht ass et och d'Risikobereetschaft.
"Dat ass richteg, an dësen Zäiten ass dat net méi sou einfach ... do muss ech awer elo dem Staat soen an eiser Regierung och, dass do eppes geschitt elo, dass do schéngt e bësse Beweegung an den Dossier ze kommen."
An da kënnt awer och vu Staat a Gemengen eng zolidd Konkurrenz vis-à-vis vum Privatsecteur.
"Engersäits muss een och verstoen, dass d'Leit sech och dann dofir intresséieren. Et sinn nach Punkten ze léisen, an do ass déi Wäertegkeet. Et héiert ee ganz oft, wann een ee freet, wou en da schafft, da seet hie mat Stolz: Op der Gemeng oder beim Staat. En aneren, deen net beim Staat schafft, betount dat esou, wéi wann hie sech dofir géif schummen"
An do wier een nees wéi gesot bei der Wäertegkeet vum Handwierk an der Gesellschaft.