Aus der Lëtzebuerger Politik ass et déi traureg Nouvelle, dass de Max Hengel dout ass.

Den Deputéierte vun der CSV ass no laanger Krankheet gestuerwen. D'lescht Joer war den Deputéierte mat senger Diagnos vun Daarmkriibs an d'Ëffentlechkeet gaangen, an hat am Kader vum Télévie och mat RTL driwwer geschwat.

De Max Hengel ass 47 Joer al ginn. Säi politescht Engagement hat schonn 1998 ugefaangen. Vun November 2017 bis November 2020 war hie Buergermeeschter vu Wuermer an huet d'Gemengepolitik duerno als Schäffe weider matgestalt. Am Juli 2023 ass hien dunn nees Buergermeeschter vun der Musel-Gemeng ginn.

Am Joer 2022 huet de Max Hengel dunn och als Deputéierte säin Eed geleescht, wou hien an d'Chamber nogeréckelt ass. Bei de Parlamentswalen zejoert am Oktober ass hien zeréckgewielt ginn. Als Deputéierte war hien an diverse Beräicher engagéiert. Ënnert anerem hat hien d'Presidence vun der Santéskommissioun.

De Max Hengel, deen ausserdeem siwe Joer laang President vun de Musel Pikes war, hannerléisst seng Fra an zwee Bouwen.

RTL dréckt der Famill an de Frënn vum Max Hengel säi Bäileed aus.

Dës Nouvelle forcéiert e Changement an der Chamber. Als Nächstgewielte vun der CSV am Osten dierft den 31 Joer ale Ricardo Marques vun Iechternach um Krautmaart noréckelen.

Um Dënschdeg war et d'Schreiwes iwwer een Erënnerungsbuch fir de Max Hengel

A LÉIWER ERËNNERUNG UN DE MAX (1977 – 2024)
 
Zu Éiere vun eisem verstuerwene Buergermeeschter Max Hengel läit vu muer (Mëttwoch, 21. August) un, een Erënnerungsbuch op der Gemeng am Sitzungsall op, fir jiddereen, dee seng perséinlech Wierder oder eng Kaart fir de Verstuerwene wëllt hannerloossen.
 
Méindes – Freides: 09:00 – 12:00 & 14:00 – 16:00
Dënschdes: 09:00 – 12:00 & 14:00 – 19:00
 
Accès zu der Säitendier vum Gemeenenhaus