5 Hënn sinn ënner ënnerschiddlechen Ëmstänn gestuerwen
Fënnef Hënn si wärend oder no hirem Openthalt an enger Déierepensioun gestuerwen.
D'Struktur, wou d'Hënn waren, hat keng Autorisatioun vum zoustännege Landwirtschaftsministère.
D'Veterinärsinspektioun ermëttelt elo op Basis vum Déiereschutzgesetz. Vue datt d'Enquête nach leeft, kéint een nach keng Conclusiounen zéien, seet d'Dr Bérit Majeres vun der Veterinärsinspektioun. Gewosst wier awer schonn, datt déi 5 Hënn ënner ënnerschiddlechen Ëmstänn gestuerwe sinn. Déi genee Doudesursaach muss nach ermëttelt ginn. De Moment géifen et just Aussoen oder Verdachtsmomenter ginn, déi nach net sprochräif wieren.
Fir erauszefannen, wat genee geschitt ass, geet d'Alva op d'Plaz selwer kucken. Fir ze kucken, wéi d'Lokalitéit ass, wéi d'Situatioun ass. Et wäerten och Autopsië vun den doudege Muppe gemaach ginn.
D'Struktur, wou d'Hënn waren, hat keng ministeriell Autorisatioun vun der Alva. Fir eng Autorisatioun ze kréien, muss een iwwregens eng schrëftlech Demande bei der Alva maachen. Dozou gehéiert en Dossier, wou eng ganz Partie Dokumenter mussen dra sinn. A wann den Dossier da komplett ass, geet d'Alva op d'Plaz kucken, ob dat koherent ass, ob d'Infrastruktur an d'Kapazitéit passen, déi d'Pensioun wëllt hunn.
Generell réit d'Dokter Majeres Leit, déi hir Déieren an eng Pensioun ginn, sur Place ze froen, ob se eng Autorisatioun hunn, sech d'Plaz am Virfeld unzekucken a sech e Bild dovun ze maachen.