Réckwierkend op den 1. Juli huet de SIDEC seng Präisser op ee Schlag ëm 60 Prozent gehéicht. 45 Gemenge mat am ganzen 140.000 Bierger am Norde vum Land sinn dovunner betraff. Dat wier onverhältnesméisseg an dat kéint een esou net acceptéieren, huet sech eréischt e Méindeg de Konsumenteschutz driwwer opgereegt.
De SIDEC erkläert sech elo awer, mat ënnert anerem engem längeren Historique. Mam Resultat, dass an de Comités-Assembléeën d’Käschte-Previsioune fir dëst Joer mat eppes iwwer 4,1 Milliounen € festgehale goufen, bei Recetten, déi viraussiichtlech just bei knapp 3,3 Millioune léichen.
Als Konsequenz géifen also d’Taxen net duergoen, fir d’Käschten ze decken. Ënnert anerem z’erklären, wier et duerch eng exorbitant Hausse vun den Energiepräisser beim Bedreiwe vun den Traitementsinstallatiounen. Op d’Joer gesinn, wier déi carrement eng Millioun Euro méi deier ginn.
De Syndikatscomité hätt dohier unanime eng Hausse vun den Tariffer festgehalen.
D’Gemenge géifen déi Präishausse un d’Awunner viru ginn, erkläert de SIDEC. Eppes, wat och de Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe confirméiert, d’Gemeng Miersch eng vun de gréisste Membere vum Offall-Syndikat.
Et wier schonn e Schreiwes un d’Awunner erausgaangen. Et géif een awer kucken, d’Ënnerstëtzung fir akommesschwaach Famillje parallel e bëssen an d’Luucht ze setzen. D’Iddi, manner Dreck ze produzéieren, wier begréissenswäert. Ma et géing een awer och déi Famillje verstoen, déi aus diverse Grënn net op nach méi eng kleng gro Dreckskëscht ëmklamme kéinten.
Der Gemeng géif och näischt anescht iwwereg bleiwen, wéi déi Hausse z’akzeptéieren. Soss misst all Gemeng sech selwer ëm d’Gestioun vun hirem Offall këmmeren, an dat wier keng reell Optioun.
Konsumenteschutz Präishausse beim Sidec wier “onverhältnesméisseg”, sou ULC