Kuerz éier d'Schueberfouer elo lass geet, suergt e Reglement am Code du Travail bei deem engem oder anere Forain fir Opreegung.

An engem Zousaz vum Code du Travail gouf festgehalen, dass Mineuren net méi op der Fouer schaffen dierfen. Am Text steet och, dass Mannerjäreger keng Aarbecht verriichten dierfen, déi ënnert anerem e Risk fir hir physesch a psychesch Gesondheet duerstellt. Dësen Text ass net eréischt zënter gëschter a Kraaft, an awer rëselen e puer Forainen och dëst Joer erëm de Kapp. D'DP-Deputéiert Barbara Agostino huet och e Restaurant op der Fouer a kann dës Decisioun einfach net novollzéien.

Reaktioun vum Barabara Agostino

Fir si ass d'Fouer eng Méiglechkeet fir Jonker a kuerzer Zäit gutt an éierlech Geld ze verdéngen. Vill Mannerjäreger géifen déi Sue spueren, fir e Führerschäin oder Auto ze bezuelen. Anerer géifen domat eng flott Vakanz finanzéieren. Datt si bis hir 18 Joer waarde mussen, fir dierfen op der Fouer ze schaffen, fënnt d'Barabara Agostino net richteg.

Et géif een de Mineuren och e komescht Bild vermëttelen. "Si dierfe mat 16 Joer op d'Fouer drénken a feiere kommen, schaffen dierfe si awer net", sou d'DP-Deputéiert, déi zënter zwee Joer Besëtzerin vum Kugener ass.

Och de Jérôme Bigard vum Fouer-Restaurant Kessel kann et net novollzéien. Déi Jonk géifen hei immens Erfarunge sammelen a Frëndschafte fir d'Liewe schléissen. Et wier schuet, hinnen dat ewech ze huelen respektiv ëm zwee Joer ze verréckelen.