ALVA339 Déieren an 180 Betriber zu Lëtzebuerg mat der Blo-Zonge-Kränkt infizéiert

RTL Lëtzebuerg
Aktuell sinn 339 Déieren, dorënner 236 Béischten, 99 Schof a 4 Geessen hei am Land mat der Blo-Zonge-Kränkt an engen 180 Betriber infizéiert.
Archivbild vu Geessen a Schof.
Archivbild vu Geessen a Schof.
© RTL Archiv

Eleng am Zäitraum vum 13. bis den 20. August goufe weider 163 Déiere positiv getest an d’Kränkt gouf an 79 weidere Betriber nogewisen. Den Zuele vum Landwirtschaftsministère no hu sech bannent deem Zäitraum vun enger Woch domadder bal esou vill Déieren nei infizéiert, wéi an den zwou Woche virdrun.

Am Fall, wou an engem Betrib eng méi héich Mortalitéit constatéiert gëtt, soll dat der ALVA gemellt ginn, heescht et vun der Verwaltung.

A punkto Symptomer kréien d’Déieren ënner anerem Féiwer an eng blo Zong. D’Krankheet geet dacks déidlech aus. Zënter dem 9. August leeft eng Impfcampagne. Fir de Mënsch besteet keng Gefor.

De ganze Communiqué vun der ALVA fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO