CGDIS
Zwee Motorradsaccidenter mat jeeweils engem Blesséierten e Mëttwochnomëtteg
D'Rettungsekippe vum CGDIS goufen e Mëttwoch tëschent 14.14 Auer a 14.59 Auer op zwou Plaze geruff, well hei Motorradsfuerer accidentéiert sinn.
Géint 14.14 Auer war dat beispillsweis um CR150 tëschent Biermereng a Rëmerschen de Fall. D'Ambulanz vu Réimech an d'Pompjeeë vu Schengen waren hei am Asaz.
Géint 15 Auer gouf et dann nach en Accident op der A31 un der Grenz tëschent Diddeleng a Kanfen a Frankräich. D'Rettungsekippe vu Beetebuerg an Diddeleng goufen hei op d'Plaz geruff.
A béiden Accidenter ass jeeweils eng Persoun blesséiert ginn.
Am meeschte gelies