De Karschnatz ass esou gutt wéi ofgeschloss an de Bilan vun der Bauerenzentral fält, wéi erwaart, negativ aus.

Et hätte signifikativ Abousse ginn. Verschidde Baueren hätte manner wéi d'Hallschent vun deem, wat se ugebaut hunn, och konnte recoltéieren. De ville Reen huet de Baueren e Stréch duerch d'Rechnung gemaach an duerch dat villt Waasser am Buedem konnte sech d'Planzen net esou entwéckelen, wéi se sollten.

D'Käre wäerten dem Christian Wester, President vun der Bauerenzentral, no kee Profit fir d'Baueren duerstellen. D'Recolte wier déi eng Saach, d'Präisser déi aner. An der Vergaangenheet hätten d'Präisser dacks déi méi niddrege Recolten opgefaangen, mee dat wier net méi de Fall. "A Puncto Kären ass et kee gutt Joer fir d'Landwirtschaft", sou de Christian Wester.

Bei de Summerkulturen, wou zu Lëtzebuerg ënnert anerem Huewer a Summerweess dozou gehéieren, wier dëst Joer méi gesat ginn wéi an de Jore virdrun, well et schonn am Hierscht ze naass war.
 
"Ech denken, dass d'Summerkulturen, déi op de liichte Standuerter stinn, manner beschiedegt goufen, wéi d'Wanterkulturen. An dass d'Erträg am Gabarit leien, wat fir Summerkulturen normal ass, déi awer souwisou e méi niddrege Rendement bréngen, wéi d'Wanterkulturen." 
 
De komplette Bilan gëtt wéi gewinnt Ufank September gezunn.