Ënner anerem zu Tënten a Bouneweg
D'Police mellt nees eng Partie Abréch uechter d'Land

Zanter e Mëttwoch gouf op e puer Plazen am Land agebrach.
Esou ënner anerem um fréie Mëttwochmoien zu Tënten. Hei hat e Brigang sech Zougang zu der Garage vun engem Eefamilljenhaus verschaaft. Eng Patrull vun der Police konnt hien an der Géigend ermëttelen. Et gouf e Rapport geschriwwen.
E weideren Abroch an en Haus gouf et dann an der Nuecht op en Donneschdeg an der Rue Pierre Thinnes zu Bouneweg. Den Abriecher huet hei e puer Schief duerchwullt, éier hie vun de Bewunner iwwerrascht gouf a fortgelaf ass. D'Police huet eng Enquête an d'Weeër geleet.
Um Internetsite vun der Police fannt Dir eng Partie Rotschléi, fir Iech virun Abréch ze schützen.
Am meeschte gelies