De Quartier Hollerech am Wandel
Hollerech ass ee vun de Stater Quartieren, déi am Wandel sinn. Grouss Bau- an Infrastrukturprojete sinn hei geplangt.
Dofir mussen méi al Gebaier weechen, an d‘Populatioun kéint sech an den nächste Joerzéngte verduebelen.
Kee Wonner, dass net jiddereen déi grouss Changementer begréisst.
Dem Urbanismus-Service vun der Stad Lëtzebuerg ass et och wéinst Hollerech alles anescht ewéi langweileg. Am wäitsten ass de Quartier deen Nei Hollerech genannt gëtt, fréier d‘Firmesëtz vu Paul Wurth an Heintz van Landewyck. De PAP, deen aktuell nieft Commercen a Büroen och ëm 2.000 Logementer virgesäit, ass duerch all d‘Etappen. Aktuell gëtt un der Ëmsetzung geschafft - fir eng Strooss ronderëm, an d‘Tramsstreck duerch den neie Quartier ze bauen. Deel vum Plang: vum Gebai vun der Sécurité Sociale steet näischt méi.
D‘Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer erkläert: "Dohi kënnt eng nei Gare. D‘CFL maachen dat. De Chantier wäert 2026 ugoen. Déi Gare soll 2034 fäerdeg sinn. Den Tram wäert jo dann och d‘Escher Strooss erofkommen.“
A spéider och an d‘Zéissenger Strooss weiderfueren. E Chantier, deen d‘Presidentin vum Interesseveräin Hollerech Dr. Marianne Wahl, selwer Awunnerin a besoter Strooss, verhënnere wëll: "Wann d‘Strooss zwee Meter héich gehuewe géif ginn, missten d‘Haiser riets a lénks fort."
Jo d‘Niveaue wäerte changéieren, erkläert d‘Buergermeeschtesch, mä "et ginn och do Léisungen, fir Deeler op d'mannst am Ufank net mat eranzehuelen an de PAP. Wa mir de Plang bis an d‘Prozedur ginn hunn, da kënnen all déi Leit hir Reklamatioune jo och abréngen.“
Oppositioun géint de Riseprojet Porte de Hollerich mécht den Interesseveräin scho méi ewéi ee Joerzéngt laang. Ni wär een op oppen Ouere gestouss, bedauert d‘Dr. Marianne Wahl. Si géif sech op alle Fall net iwwer e puer Dausend nei Nopere freeën: "A mir wëllen do och net déi 6.000 zousätzlech Aarbechtsplazen. Eis Liewensqualitéit gëtt enorm ageschränkt."
Eng Stad déi wiisst muss bauen, seet déi aner Madamm. De Projet Porte de Hollerich wär flott. Lydie Polfer: "An der Mëtt vun den Terrainen, déi eis gehéieren, ass eng zentral Plaz geplangt. Do wäre Geschäfter an Terrassen an och e klenge Park. Wann de Projet do bis eng Kéier realiséiert ass, dann ass et eng Plus-value fir de ganze Quartier."
Wann. Et feelt nach den Accord vu méi ewéi enger Persoun. Net vill méi wäit ass ee beim Schluechthaus e bësse méi héich. Do gëtt et e Gewënnerprojet. D‘Architekte wéilten en Daach iwwer déi al Gebailechkeeten bauen a se esou erhalen.
"Dat ass ganz innovativ. Dofir musse mir d‘Garantië kréien, dass déi nei Technologien och op dëser Plaz kënne fonctionéieren. Doru schaffe mir intensiv."
Bis d‘Zännrieder vun dem urbanistesche Mammutprojet Hollerech aneneegräifen, brauch et nach vill Aarbecht an Zäit.

© Pierre Jans