Fir d’Studentenassociatioun Acel ass et wichteg, dass de Studium seng Relevanz behält. Dem Manktem u Fachpersonal géing een esou net an de Grëff kréien.

"Dat eenzegt, wat mir vun deem ganze (Pensiouns-)System hunn ass, dass eis Jore mat ugerechent ginn", seet de President vun der Studentenassociatioun Acel, de Kimon Leners. Domat reagéiert hien op de President vun der Union des entreprises (UEL), de Michel Reckinger. Dëse sot e Méinden de Moien als RTL-Invité vun der Redaktioun, dass vill Leit géingen eng Pensioun kréien, fir déi se net abezuelt hätten.  
Ënner anerem huet hien als Beispill dofir d’Studentejoren, d’Babyjoren an de Chômage opgezielt. Et kritt een als Student awer keng Pensioun fir déi Joren, wou een net abezuelt huet, betount de Kimo Leners. Anescht wéi dat bei de Babyjoren oder am Chômage de Fall ass, gëtt wärend dem Studium net cotiséiert.
 
Mat der Iddi, dass Studenten nees solle méi laang schaffe goen, well se net an d’Pensiounskeess cotiséieren, ass d’Acel net averstanen. Et géing ee jo eppes léieren, fir säi Beruff auszeüben. D’Urechne vun de Studentejore wier deemools agefouert ginn, fir eng Ongerechtegkeet aus der Welt ze schafen, seet de Kimon Leners.
 
"Wat ganz wichteg fir eis ass, ass, dass de Studium u sech och nach eng Relevanz huet an eisem Liewen", betount de Kimon Leners. Schliisslech hätt een e Manktem u Fachpersonal hei am Land, deen net just d’Handwierk concernéiere géing, mee och bei Beruffer, wou een e Studium géing brauchen. Dat wier zum Beispill de Fall bei Medezinner oder Ingenieuren. Dëse Mënsche sollt een net nach weider Steng an de Wee leeën.
 
Zum Sujet vun der Pensiounsreform hätt ee scho mat e puer Partner Gespréicher gehat. D’Acel wier awer keen Expert an der Matière, dowéinst géing ee sech och net als Acteur gesinn, fir Léisungen op den Dësch ze leeën. Mee et wëllt een awer d’Stëmm erhiewen, fir sécher ze goen, dass een och an Zukunft de Problem vun de Pensiounen am Grëff hätt. Zum Thema Cotisatioun-Erhéijung hätt een dann nach kee feste Standpunkt definéiert.