HUT Hëllef um Terrain, sou heescht déi nei Entitéit déi d'Fondatioun Caritas a Caritas accueil et solidarité nom Detournement a Milliounenhéicht ersetzt.

Dat deelt de Christian Billon via Communiqué mat, dee bis elo de Krisecomité bei der Caritas geleet huet. De Krisecomité  huet déi lescht Wochen mat der Regierung driwwer verhandelt, wéi d'Aktivitéit vun der Caritas och an Zukunft nach kënne weider gefouert ginn, nodeems 61 Millioune geklaut goufen. Et war jo scho gewosst, datt déi zwou betraffen Entitéiten ofgewéckelt an duerch eng nei ersat géife ginn.

D'Ombudsman Claudia Monti soll de Verwaltungsrot vun Hëllef um Terrain Uganks d'nächst Joer iwwerhuelen, wann hiert Mandat als Mediateur op en Enn geet. Et gëtt betount, datt Hëllef um Terrain kee Lien zu de betraffenen Entitéiten, respektiv zum Caritas-Reseau huet. Mat engem neien Numm wéilt een och nees Vertrauen zréckgewannen. D'Diskussioune mat der Regierung lafe fir vum 1. Oktober un déi national Conventiounen mat dëser neier Entitéit z'iwwerhuelen.
 
Wéi et am Schreiwes vum Donneschdeg heescht, géif déi nei ASBL mat hirer Ënnerstëtzung fir méi wéi 20.000 Leit weiderfueren an och méi wéi 350 vun de Mataarbechter weider beschäftegen. D'Leit, déi den Ament fir national Projete schaffen, sollen d'Méiglechkeet kréien, bei HUT ze wiesselen. De Projet wier an aller Onofhängegkeet organiséiert ginn an Zesummenaarbecht mat PwC. 
 
D'Grënnungsmembere vum neie Projet sinn:

• Fondation Félix Chomé
• Fondation La Luxembourgeoise
. Christian Billon
• Françoise Gillen
• Marc Lauer
• Georges Lentz
• Claudia Monti
• Paul Mousel
 
D'Zil wier, nach aner Acteure vun der Zivilgesellschaft z'animéieren, sech der Initiative unzeschléissen.

Keng Nouvellë vun der ugekënnegter Entitéit fir Kooperatioun  
Crèchë fir d’Kanner vun Textilaarbechterinnen am Bangladesch, e Projet géint d’Ënnerernierung vu Kanner am Laos. Flüchtlingshëllef fir Ukrainer a Moldawien... Dëst just e puer vun den 100 Caritas Projeten a 15 Länner. 
Iwwer hir Zukunft wollt d’Hëllefsorganisatioun sech op RTL Nofro zu dësem Zäitpunkt net äusseren. Och net iwwer déi zweet eegestänneg Entitéit, déi d’Caritas ugangs August an engem Communiqué ugekënnegt hat. Hei sollten humanitär a Kooperatiounsprojete, grad wéi déi zoustänneg Mataarbechter zu Lëtzebuerg ënnerkommen. 19 Leit schaffen zu Lëtzebuerg an deem Beräich bei der Caritas, 85 am Ausland. Den OGBL hat ugangs der Woch matgedeelt, datt an der neier Entitéit vun den nationalen Aktivitéite keng Leit vun der Kooperatioun géifen iwwerholl ginn. Si géifen deemno riskéieren hir Aarbechtsplazen ze verléieren.

Och am Kooperatiounsministère weess een näischt iwwer eng nei Entitéit fir déi international Aktivitéiten. Et wier och bis ewell keen Agrement heifir ugefrot ginn, sot de Xavier Bettel am RTL-Interview.

Vun de 5,2 Millioune vum Kooperatiounsministère ass gutt d’Hallschecht fort 
De Kooperatiounsminister hofft déi Projeten, déi säi Ministère kofinanzéiert huet, esouwäit wéi méiglech weiderzeféieren. Dofir mussen awer déi verontreit Sue recuperéiert ginn. Et géif sech hei ëm e bësse méi wéi d’Hallschecht vun de 5,2 Milliounen Euro handelen, déi säi Ministère der Caritas dëst Joer iwwerwisen hätt, esou de Xavier Bettel.
 
"Et ass traureg, mee ech ka lo net einfach enger anerer Associatioun Suen ewechzehuelen an deem ech soen da gi se lo nees bei d’Caritas. A virun allem wann et de Choix vun der Caritas ass, déi Aktivitéiten nees anzestellen."

Déi detournéiert Sue soll d’Caritas ofgezu kréie vum Montant, dee verschidde Ministèren hir nach schëlleg sinn. Dës Sue sollen dann zréck an d’Projete fléissen, déi de Kooperatiounsministère kofinanzéiert huet. Iwwerholl gi kéinten d'Projete vu Prestatairen op der Plaz, vun aneren ONGen oder och vun der Lëtzebuerger Entwécklungsagence LuxDev.  
Wéi geet et allgemeng mat de Caritas Projeten am Ausland virun? 
An deene 15 Länner wou Caritas Lëtzebuerg bis ewell aktiv war, kéinte wäit iwwer 100 Mataarbechter vu Partnerorganisatioune hir Aarbecht verléieren, Dausende Beneficiairen net méi gehollef kréien. 
D’Caritas géif alles dru setzen fir Léisungen ze fanne fir déi Projeten, déi iwwer déi nächste Jore weiderlafen a wou keng Sue méi do wieren. Dat sot de Luc Siebenaller, President vum Cercle de Coopération am RTL-Interview.  
Anere Sourcen no, hätt d’Caritas Holland sech beispillsweis bereet erkläert am Südsudan e Spidol an zwee Gesondheetszentre lo mol eng Zäit laang ze finanzéieren. Prioritär sollte Projeten oprecht erhale ginn, déi Liewe retten. RTL Sourcen no, schéngt et als geséchert, datt d’Projeten an der Ukrain, d’Flüchtlingshëllef fir Ukrainer a Moldawien an och d’Hëllef fir Äerdbiewen Affer an der Tierkei vun aneren Organisatiounen weidergefouert ginn.

Pressecommuniqué

 
Face à la crise sans précédent de la Fondation Caritas Luxembourg et de la Caritas Accueil et Solidarité ASBL, la société civile Luxembourgeoise s’est mobilisée pour préserver les activités nationales de ces entités, maintenir le soutien à plus de 20 000 bénéficiaires à Luxembourg et sauver les emplois de plus de 350 salariés.
 
Le nouveau projet est connu. Au 1er octobre 2024, les salariés travaillant sur les activités nationales auront la proposition de rejoindre une nouvelle Association sans but lucratif, en cours de création, sous le nom de HUT Hëllef um Terrain .
 
L’objectif de cette nouvelle structure est d’œuvrer contre la lutte contre la précarité au quotidien.
 
Comme son nom l’indique, les salariés mettront toute leur énergie et leur compétence pour apporter toute l’aide nécessaire aux bénéficiaires sur le terrain.
 
Ce projet a été organisé en toute indépendance des actuels conseils d’administration avec l’aide de Christian Billon assisté de Tiphaine Gruny (PwC). L’entité est créée par un groupe de membres fondateurs composé d’acteurs luxembourgeois actifs et engagés dans la société civile. Ils représentent la diversité du paysage luxembourgeois.
Les membres fondateurs sont : 
• Fondation Félix Chomé
• Fondation La Luxembourgeoise
. Christian Billon
• Françoise Gillen
• Marc Lauer
• Georges Lentz
• Claudia Monti 
• Paul Mousel
 
Les fondateurs travaillent activement pour encourager d’autres acteurs de la société civile à rejoindre cette initiative solidaire.
 
La nouvelle entité n’aura ni lien avec les entités touchées par la crise, ni avec le réseau Caritas . Le changement de nom démontre le renouveau nécessaire pour retrouver la confiance des donateurs. Il est important pour les donateurs, les salariés et les bénéficiaires ainsi que pour le gouvernement que ce projet et les personnes engagées dans celui-ci soient indépendantes de la gouvernance de la Caritas afin de retrouver la sérénité et la confiance et de se tourner uniquement vers le bien-être des bénéficiaires.
 
Les fondateurs sont en train de déterminer une gouvernance forte qui sera définie dans un premier temps par :
• Une assemblée générale composée des membres fondateurs 
• Un conseil d’administration composé de personnes  apportant leurs compétences et expertise professionnelle à la nouvelle structure.
 
A l’heure actuelle, il est connu que le Conseil d’Administration sera composé de :
- Christian Billon, qui a soutenu les entités précédentes en tant que conseiller externe dans la situation de crise
- David Hagen
- Willy de Jong
- Claudine Konsbruck
- Pascal Rakovsky
- Marisa Roberto.
D’autres administrateurs s’ajouteront le cas échéant  à cette liste d’ici à la constitution de HUT Hëllef um Terrain.
 
Christian Billon sera présent dans le Conseil d’Administration dans une phase transitoire jusqu’à ce que Claudia Monti prenne le relais à la fin de sa mission d’Ombudsman au premier semestre 2025.
 
Les discussions sont en cours avec le gouvernement luxembourgeois pour la reprise des conventions nationales avec cette nouvelle entité, dès le 1er octobre 2024.