Et gi nach ëmmer Probleemer mam Drénkwaasser zu Hueschtert an zu Folscht, dat präziséiert Gemeng Rammerech um Samschdeg nach emol.

Dat nodeems se um Freideg matgedeelt huet, datt d'Drénkwaasser duerch eng Bakterie verknascht ass.

Als Precautiounsmesure sinn d'Awunner dofir opgeruff, fir d'Krunnewaasser 2 Minutten ofzekachen, ier een et ka benotzen fir ze drénken, Iessen ze preparéieren oder ze spullen. Et soll een dann och kee Krunnewaasser benotzen, fir réit Uebst a Geméis ze wäschen.

D'Gemeng wéi och déi staatlech Instanze géingen enk zesummeschaffen, fir de Probleem esou séier wéi méiglech ze léisen, heescht et.

E Méindeg ginn nei Analysë gemaach an da gëtt d'Situatioun reevaluéiert.