Dat gëllt och, wann d'Kand keng Adress oder keen Titre de séjour huet. Dat betount d‘Asti an engem Communiqué.

D‘Associatioun géif ëmmer erëm feststellen, dass schoulflichteg Kanner aus administrative Grënn net konnten an der Schoul ageschriwwe ginn. D‘Gesetz gesäit awer vir, dass all Kand, egal wat de Statut vu sengem Elteren ass, schoulflichteg ass. D‘Gemenge sinn deemno obligéiert dës Kanner an hire Schoulen opzehuelen. D‘Asti rifft d‘Gemengen dowéinst op, besonnesch opzepassen, dass et keng Probleemer gëtt fir dës Kanner an der Schoul anzeschreiwen. Concernéiert Leit kënne sech um Educatiounsministère a bei der Asti hëllefe loossen.