
Wéi d’Police matdeelt, gouf der belscher Police géint 14.40 Auer ee verdächtege Won gemellt, deen am belsche Grenzgebitt ënnerwee war an a Richtung Lëtzebuerg geflücht ass.
Effektiv konnt kuerz Zäit drop tëscht Bidscht a Wolz de Fluchtwon fonnt ginn, mellen déi Lëtzebuerger Beamten. Vun de Leit, déi éischten Informatiounen no am Auto souzen - zwee Männer an eng Fra - feelt bis ewell awer all Spuer. No den dräi Verdächtege gëtt elo gesicht.