Déi Lëtzebuerger Police gëtt ënnerstëtzt vun de belsche Kolleegen, haaptsächlech wat de Volet "Crowd Management" ugeet.

Bei all Staatsvisitt gëtt eng Evaluatioun gemaach, fir de Sécherheetsniveau anzestufen an deemno och alles en Place ze setzen, fir d’Sécherheet ze garantéieren, souwuel fir d'Delegatioun vun der Visitt, sou wéi och fir de Spectateur um Rand vum Evenement.

Déi Lëtzebuerger Police gëtt ënnerstëtzt vun de belsche Kolleegen, haaptsächlech wat de Volet “Crowd Management” ugeet, wou déi belsch Unitéite méi routinéiert sinn. Dem Poopst seng eege Garde ass och um Terrain present. 

Dronen-Fluchverbuet iwwer der Stad 

D’Police huet fir den Dag vun der Visitt eng Dronen-Verbuetszon ugefrot. Erlaabt sinn iwwer dem Stater Territoire nëmmen Drone vun der Police selwer oder vum CGDIS.

Service "Véloh" an de Vëlo 

De Service vun de bloe Vélohen ass um Dag vun der Visitt aus Sécherheetsgrënn suspendéiert. Och d’Leit, déi mam eegene Vëlo an d’Stad kommen, sollen dësen net um Parcours vun der Visitt wëll parken. De Risiko, dass de Vëlo ofgeschleeft gëtt, ass grouss. 

Weider Recommandatiounen 

Eng weider Recommandatioun vun der Police ass, dass déi Leit, déi net d’Visitt vum Poopst wëlle gesinn, ob den Homeoffice zeréckgräifen, wann et nëmme méiglech ass. Den Trafic an a ronderëm d’Stad kann um Dag vun der Visitt staark perturbéiert sinn.

Fir déi Leit, déi beim Evenement wëllen dobäi sinn, gëllt et, Waasser dobäi ze hunn a keng privat Objeten, (Kierf, Schoulsäck oder Poschen) onbeopsiichtegt ze loossen. D’Police warnt och virun Täschendéif.