Am Escher Policekommissariat war e Schoss lassgaangen

Et gouf effektiv rezent en Tëschefall mat enger Déngschtwaff um Policekommissariat zu Esch.
Dat confirméiert den Inneminister dem LSAP-Deputéierten Dan Biancalana, dee rapportéiert hat, datt duerch eng falsch Manipulatioun an der Waffekummer e Schoss lassgoung, deen duerch eng securiséiert Dier gaange war. Poliziste goufe beim Tëschefall keng verwonnt.
Wéi de Léon Gloden preziséiert, gëtt de Virfall vun der IGP ënnersicht, déi wäert Recommandatiounen a punkto Waffegebrauch maachen. Et handelt sech net ëm e Probleem vun net-sécheren Infrastrukture bannent dem Policekommissariat, mee villméi ëm e falsche Gebrauch vun der Waff vun engem eenzele Beamten.
Den CSV-Minister stellt fest, datt all Dag honnerte vu Policewaffen ouni Tëschefäll gelueden an entluede ginn, esou datt d'Formatioun mat Waffen net ze hannerfroe wier.