E Samschdeg de Mëtteg goufen d'Beamten an eng Stater Struktur fir Refugiéë geruff, well sech do eng Persoun aggressiv beholl huet.

Wéi d'Police op der Plaz ukomm ass, gouf de Mann duerchsicht. Dobäi hunn d'Beamten eng Rei Bijoue fonnt, esou wéi och e Goldbarren. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl. Hie koum e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.