Wann e Sonndeg Wale wieren, wieren d'Piraten am fräie Fall an d'Regierungsparteie géife béid ee Sëtz abéissen. D'Gewënner wieren LSAP, Gréng an ADR.

D'Basis vun der aktueller Sonndesfro ass kee Sondage, mä d’Walresultat vum Oktober 2023. Deemools war d'CSV ganz neelech ënnert den 30 Prozent bliwwen, d'DP louch virun der LSAP a soss war keng aner Partei zweestelleg. Am meeschte verluer haten am Oktober 2023 Déi Gréng. D'Pirate koumen hinnen zwar e gudde Krack méi no, och wa si wäit ënnert dem erhoffte Resultat bliwwe sinn. Réckbléckend muss ee soen, dat waren nach gëllen Zäite fir déi Mof!

Sonndesfro Oktober 2024 / Reportage Michèle Sinner

Piraten am fräie Fall

Wann den nächste Sonndeg Wale wieren, da géifen d’Pirate ferm fir hiert Gestreits an hir Skandaler bestrooft ginn. Dat ass eng vun de Konklusioune vun der neier Sonndesfro am Optrag vum Luxemburger Wort an RTL.

D’Pirate géingen déi dräi Sëtz verléieren, déi se bei de Wale virun engem Joer kruten, an hätte keen Deputéierte méi an der Chamber, wéi d'Manon Breden vun der Ilres erkläert.

"Mir gesinn, datt déi negativ Schlagzeile vun de Piraten iwwert déi lescht Méint hinne wierklech net gutt gedoen hunn. An datt d’Wieler och hiert Vertrauen an d’Partei verluer hunn. Och prozentual gesinn hunn d’Piraten dee schlechtste Score, dee mer an der Sonndesfro zanter 2018 gemooss hunn."

Zanter de leschte Walen ass de Ben Polidori wéinst dem Gestreits bei der Piratepartei jo souwisou scho bei d’LSAP gewiesselt, esou datt ee bal ka soen, datt d'Piraten elo méi Sëtz verléieren, wéi se der aktuell nach hunn.

Vergläicht een d'Situatioun net just mat de leschte Walen, mä mat Sondagë virdrun, géifen d'Pirate vu knapp iwwer 11 Prozent, déi een am November 2021 hätt kéinte kréien, op elo nach grad emol 3,2 Prozent falen.

Majoritéit verléiert liicht un Zoustëmmung

Mä d’Pirate wieren net déi eenzeg Verléierer. D'CSV géif bal ee Prozent vun de Stëmme verléieren, wier awer weiderhi mat ronn 29 Prozent stäerkste Partei. Och de Koalitiounspartner DP géif liicht a Prozenter abéissen. Ma fir béid Regierungsparteie wier domat ee Sëtz fort. D’CSV hätt dann 20 Deputéiert an d’DP 13. D’Manon Breden mengt dozou:

"Et kéint e Message sinn, datt verschidde Leit awer nach net ganz zefridde si mat deem, wat bis elo geliwwert gouf. Hu se sech vläicht méi erwënscht?"

Oppositioun am Opdriff

Ausser de Pirate leet am Sondage nämlech déi ganz Oppositioun zou. Déi Gréng géifen zwee Sëtz gewannen, wann den nächste Sonndeg gewielt géif ginn, hätten also nees Fraktiounsstäerkt. Mä d’Manon Breden relativéiert.

"Et ass prozentual gesinn iwwert d’Joren trotzdeem mat Ausnam vun de leschte Chamberwalen hiert schlechtste Resultat, och wa se elo géifen dobäi gewannen."

D’Sozialiste géife wéi Déi Gréng 1,8 Prozent an de Stëmme bäileeën an domat op 20 Prozent kommen.

"D’LSAP géif dës Kéier op 13 Sëtz kommen, also d’selwecht wéi d’DP. Si géifen awer op d'mannst a Prozenter gesinn e bësse méi staark gi wéi d’DP aktuell."

Och d’ADR géif ronn ee Prozent bäi gewannen a kéim op 10,7 Prozent vun de Wielerstëmmen. Dat géif fir d’Alternativ demokratesch Reformpartei sechs Sëtz bedeiten, ee méi wéi elo. Dëst wier och hiert beschte Resultat zanter dem Wanter 2021. An awer zur Erënnerung: 1999 hat d’Partei schonn eemol 7 Vertrieder um Krautmaart. Deemools nach stoungen d'Renten am Fokus vun der Partei. Haut beusproche se aner Theme fir sech a leien domadder am internationalen Trend.

Déi Lénk géif stabel bleiwen, esouwuel an de Stëmme wéi och mat hiren zwee Sëtz.

Den Detail

Bei dësem Sondage, deen tëscht dem 23. an dem 30. September 2024 gemaach gouf, goufen 1.872 walberechtegt Persounen iwwer Telefon an Online befrot. 1.147 Interviewe goufe via Telefon gemaach, dovunner 297 iwwer fix Nummeren an 850 op Mobilnummeren. 725 Interviewe goufen online gemaach.

Detailer wéi ëmmer och um Internetsite vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel Alia.lu