Aarbechter fannen dräi Schädelen an Tuten zu Bartreng
Dës Dier gouf per Zoufall beschiedegt an huet d'Decouverte méiglech gemaach.
Um Mëttwochmoie sinn an engem net méi bewunnten Haus Schanke fonnt ginn, dat huet de Parquet op Nofro confirméiert.
Aarbechter, déi an engem Haus an der rue des Champs zu Bartreng geschafft hunn, si mat enger Maschinn widder eng morsch Dier aus Holz gestouss. Dës ass liicht opgaangen an et sinn zwou Tuten erausgefall.
RTL-Informatiounen no wollt eng Persoun dës Tuten ewechraumen an do hätt se gesinn, dass Schanken dra gewiescht wieren. Éischten Informatiounen no wieren et dräi Schädele gewiescht. Op Nofro konnt de Parquet dëst confirméieren, och dass se vu Mënsche wieren.
De Laboratoire national de santé (LNS) ass domat beoptraagt ginn, den Alter vun de Schanken ze bestëmmen. Éischten Erkenntnisser no kéint een awer soen, dass se zimmlech al wieren. A priori géif een net vun engem Gewaltverbriechen ausgoen, esou de Parquet.
Um Mëttwochmoie war e gréisseren Asaz vun der Police, wou och d'Police Technique an d'Police Judiciaire op der Plaz waren.
Beim Haus handelt et sech ëm en eelert Bauerenhaus, dat net méi bewunnt ass.