Sechs Fuerscherinnen a Fuerscher ausgezeechent
Um Donneschdegowend huet den FNR 6 Fuerscherinnen a Fuerscher a véier verschiddene Kategorië geéiert.
En Donneschdeg den Owend huet de Fonds National de la Recherche (FNR) op senger traditioneller Zeremonie Fuerscherinnen a Fuerscher ausgezeechent, déi am Joer 2024 eng besonnesch Contributioun fir déi national Fuerschung a Wëssenschaft geleescht hunn.
Outstanding PhD Thesis
An der Kategorie "Outstanding PhD Thesis" gouf et zwee Gewënner.
Op där enger Säit gouf d'Dr. Mila Hall fir d'Fuerschungsaarbecht "Personalized Assessment and Network Model Feedback: An Empirically-Based Approach to Personalizing Psychotherapy" ausgezeechent. Domat soll et Psychotherapeuten an Zukunft méiglech sinn, hire Patienten duerch d'Kreatioun vu sougenannte "Symptom Networks", nach méi effektiv a besser Traitementer ze erméiglechen.
Déi zweet Auszeechnung an där Kategorie ass un den Dr. Jordan Samhi gaangen. Seng Dissertatioun "Analyzing the Unanalyzable: An Application to Android Apps." soll dobäi hëllefen, Millioune vun Android-Notzer duerch eng automatiséiert Sécherheetssoftware viru potenziellen digitale Geforen ze protegéieren.
Outstanding Scientific Achievement
An der Kategorie "Outstanding Scientific Achievement" gouf d'Fuerscherteam ëm d'Dr. Eleni Koronaki vun der Uni Lëtzebuerg mat engem Präis ausgezeechent. Hire kollaborative Projet mam Titel "Revolutionizing Industrial Processes: Hybrid Computational Models for Quality Control, Prediciton, and Optimization" soll de Prozess vum sougenannte "Chemical vapor deposition process" verbesseren, wat ënnert anerem zu enger besserer Notzung vun nohaltege Ressource soll féieren.
Outstanding Promotion of Science to the Public
An der Kategorie "Outstanding Promotion of Science to the Public" sinn d'Gaëlle Tavernier an d'Lucie Majerus fir hire Projet "MiNELL" (Minett Natur an Ëmwelt Léier Lab) geéiert ginn. Dobäi handelt et sech ëm eng Sensibiliséierungscampagne, duerch déi op den Ëmweltschutz an déi speziell ekologesch Erausfuerderungen an der Minett-Regioun soll opmierksam gemaach ginn.
Outstanding Mentor
Zwou Auszeechnunge sinn et dann och nach an der Kategorie "Outstanding Mentor" ginn. Den Dr. Johannes Meiser an den Dr. Torsten Bohn goufe jeeweils fir hir exzeptionell Betreiung a Formatioun vun zukünftege Fuerscher a Fuerscherinnen ausgezeechent.
D'Generalsekretärin vum FNR Dr. Andreea Monnat huet sech am Kader vun der Zeremonie zu de Gewënner vun dësem Joer geäussert: "D'FNR-Awards sinn en Testament fir dat aussergewéinlecht Talent an de groussen Asaz an der Lëtzebuergescher Fuerschung. Mir sinn houfreg, dës aussergewéinlech Chercheuren a Fuerscherekippen ze éieren, déi mat hirer Aarbecht wëssenschaftlech Fortschrëtter bréngen a grouss Impakter op d'Gesellschaft hunn.