E Regëster mat Wunnstrukturen an Aktivitéite fir eeler Leit
Infosenior.lu ass en Internetsite vum Familljeministère, deen Informatiounen iwwer Hebergementer, Servicer an Aktivitéite fir eeler Leit regroupéiert.
Geduecht ass de Site fir Mënschen, déi geschwënn an d’Pensioun ginn. Awer och fir déi, déi nach doheem liewen a wëlle bleiwen, souwéi fir déi, déi geschwë wëllen an eng Wunnstruktur fir eeler Leit plënneren.
Um Internetsite infosenior sinn alleguerten déi Prestateuren am Beräich vun der Begleedung vun eelere Mënschen ze fannen, déi en Agrement vum Familljeministère hunn. Agedeelt ass de Site an 8 Aktivitéiten: Wunnstrukturen, Logements encadrés, Dagesfoyeren, Aides et soins à domicile, Repas sur roues, Téléalarm, Aktivitéiten a Club Activ Plus. Am Detail fënnt een zum Beispill Informatiounen iwwert d’Zëmmerpräisser, Gréissten a soss Extraen.
"Wat gëtt et? Wat gëtt an deenen eenzele Servicer ugebueden? Firwat stinn och vläicht déi eenzel Träger? Wat bedeit dat dann um Niveau vun de Käschten? Wat ass am Basispräis mat dran? Wat kascht de Supplementen?", ënnersträicht den DP-Familljeminister Max Hahn op enger Pressekonferenz e Méindeg. D’Supplementskäschte kënnen nämlech ganz ënnerschiddlech sinn. Bei deem enge gëtt zum Beispill d’Cola um Mëttesdësch verrechent, bei deem aneren net. Et wier eng grouss Heterogenitéit am Secteur, an déi géing een um Site probéiere bescht méiglech erëmzeginn.
Dem Ministère wier et wichteg, dass méi Transparenz an dëse Beräich kënnt. "Dacks hate mer d’Impressioun, dass d’Leit d’Kaz am Sak kaaft hunn. Dat heescht, et ass wuel vun engem Pensiounspräis geschwat ginn am Kader vun de Wunnstrukture fir eeler Leit, mee et ass net esou vill vun de Supplemente geschwat ginn. Sou konnt et da mol virkommen, dass um Enn vum Mount d’Rechnung méi héich war, wéi ee gemengt hat, an dass d’Leit dann e bëssen an d’Laberente komm sinn", seet de Claude Sibenaler vum Familljeministère.

© Diana Hoffmann (RTL)
Versprache Qualitéit anhalen
Da wëllt een och sécherstellen, dass déi versprache Qualitéit ginn ass an agehale gëtt. Haut géing ee genee wéi fréier och dofir Pläng an Dossiere kucken. "Mee zousätzlech dozou gi Leit vum Familljeministère eraus an déi verschidden Aktivitéitsfelder. A se ginn och kontrolléieren, ob dat, wat dem eeler Mënsch a senge Familljemember versprach ginn ass, och wierklech agehale gëtt", sou de Max Hahn.
Den Ament ginn et zu Lëtzebuerg 6.700 Better, dobäi kommen nach eng kéier 1.100 am Logement encadré. Bis 2031 sollen nach iwwer 2.000 Better bäi kommen. Méi Suerge wéi Better ze schafen, wier awer qualifizéiert Personal ze fannen.
Wéini no Wunnstruktur sichen?
Wéini dann de richtegen Ament ass, sech seriö no enger Wunnstruktur am Alter ëmzekucken, wier da schwéier ze soen. D’Waardezäite wiere vu Gestionnaire zu Gestionnaire ënnerschiddlech an et géing och vun der Situatioun vun der Persoun ofhänken. "Ech géif de Leit roden, virun allem mol fréizäiteg sech Gedanken ze maachen. Net eréischt dann, wann een an enger Situatioun ass, wou een en Urgence eng Decisioun muss huelen. Da soll een och d'Famill mat abannen, fir sech duerch déi Dokumenter duerchzeliesen", reit de Claude Sibenaler. An am beschte Fall och schonn eng kéier op d’Plaz goen, a sech ëmkucken.