KI a KonsumenteschutzUm leschte Stand bleiwen an d'Reegelen identifizéieren als gréissten Defien

RTL Lëtzebuerg
Zanter August ass d'KI-Gesetz, de sougenannten "AI Act", an der EU a Kraaft.
Um leschte Stand bleiwen an d'Reegelen identifizéiere sinn déi gréissten Defien
Zanter August ass d’KI-Gesetz, de sougenannten AI Act an der EU a Kraaft.

Fir de Konsumenteschutz bleift d’Kënschtlech Intelligenz awer nach eng grouss Erausfuerderung.

Net ëmmer si mer eis et bewosst, mee d’Kënschtlech Intelligenz ass haut scho Bestanddeel vun eisem Alldag. Iwwer de Sproochassistent op eisem Smartphone. Op Social Media bestëmmt den Algorithmus, wéi eng Noriichte mer gewise kréien, Clientsservicer funktionéieren haut dacks mat sougenannten Chatbots. D’Méiglechkeete vun der KI ginn awer vill méi wäit, si entwéckelt sech a rasantem Tempo.

Eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir d’Notzer wier et, sech um leschte Stand ze halen an déi zoustänneg Reegelen z’identifizéieren, seet den Dr Felix Pfücke, Gaaschtriedner leschte Freideg um Midi du Consommateur Européen iwwer d’Kënschtlech Intelligenz an d’Erausfuerderunge fir de Konsumenteschutz. De Fuerscher vun der uni.lu verweist op eng grouss Schwächt vum AI Act.

“Den Titel vum AI Act ass irrefürend, well nieft deem och aner Rechtsakten, den Digital Service Act, den Digital Market Act, Interoperable Europe Act, Financial Data Access Regulation zur Uwendung kommen.”

Bei deene ville verschiddene Reegele géif et Iwwerschneidungen. Doduerch wier net ëmmer kloer, wien zoustänneg wär. Och fir ze iwwerwaachen, ob den AI Act agehale gëtt.

“Dat ass den Haaptproblem. Mir hunn d’EU-Kommissioun an den AI Office, mee et sinn och déi national Behörden, déi do aktiv musse ginn. Well duerch déi vill verschidde Reegelen, Iwwerschneidungen entstinn an d’Zoustännegkeet net ofgegrenzt ass.”

Am beschte wier een iwwergräifend Gesetz, mengt de Fuerscher. Den AI Act ass zanter August a Kraaft, d’Entreprisen hannendrun hu gewëssen Delaie bis se konform musse sinn. D’EU-Kommissioun plangt eng Campagne, fir d’Leit iwwer hir Rechter ze informéieren.

Leit, déi mengen, Affer ginn ze sinn duerch d’Violatioun vum KI-Gesetz, kënne sech beim Europäesche Konsumenteschutz op der Areler Strooss mellen.

Back to Top
CIM LOGO