De Lëtzebuerger Affekot an Auteur Gaston Vogel, dee besonnesch fir säin haarden Toun bekannt ass, ass e Samschdeg am Alter vu 87 Joer gestuerwen.

Wéi RTL op Nofro hi confirméiert krut, ass de Me Gaston Vogel e Samschdeg am Nomëtteg am Centre Hospitalier an der Stad gestuerwen.

Vill gereest a vill geschriwwen

RIP Gaston Vogel - Reportage Dany Rasqué

A senger laanger Karriär als Affekot war de Gaston Vogel u ville groussen Affären, déi viru Geriicht gelant sinn, bedeelegt. De Bommeleeër-Prozess war mat Ofstand dee gréissten. Hien huet ee vun den ugeklote Poliziste viru Geriicht vertrueden. Senger Meenung no souzen awer déi falsch op der Uklobänk.

De Gaston Vogel war awer net just Affekot, ma och Auteur. Iwwer 20 Bicher huet hie geschriwwen. Dorënner natierlech eng ganz Rëtsch Publikatioune ronderëm den Droit, awer och historesch a philosophesch Wierker, grad wéi och Bicher mat Fotoe vu senge Reesen an aner Kulturen.

Besonnesch den asiatesche Raum huet de Gaston Vogel säi Liewe laang faszinéiert. Eleng Indien huet hien iwwer 30 Mol besicht.

Den Interessi an d'Begeeschterung fir déi asiatesch Kultur huet nom Lycée ugefaangen. An de 60er Joren huet de spéidere Spëtzenaffekot sech géint de Vietnamkrich agesat a matgehollef, déi éischt Manifestatioun ze organiséieren.

Eege Meenungen zu gesellschaftlechen Themen

De Gaston Vogel ass ëmmer kritesch vis-à-vis vun der Politik bliwwen an huet sech op eenzelen Dossieren engagéiert. 2005 huet hie beim Referendum zu de Géigner vun der EU-Constitutioun gehéiert. An engem ganz animéierte Face-à-Face huet hie mam deemolegen Ausseminister Jean Asselborn iwwert den Text diskutéiert.

Nieft der Justiz an der Politik, stoungen d'Kathoulesch Kierch an och d'Monarchie beim Gaston Vogel dacks am Mëttelpunkt vun der Kritik. Datt de Grand-Duc 2008 refuséiert huet, d'Euthanasie-Gesetz ze ënnerschreiwen, war fir den Affekot en No-Go an d'Prënzenhochzäit 2012 war fir hien en Non-Event. Dësen Ausdrock huet et esouguer gepackt, fir zu Lëtzebuerg zum Wuert vum Joer ze ginn. D'Joer drop huet de Bommeleeër-Prozess ugefaangen an de Gaston Vogel gouf zum Lëtzebuerger vum Joer gewielt.

Seng Roll an der Geriichtsaffär an de Fait, datt hie kee Blat virun de Mond geholl huet, erkläre wuel seng Popularitéit.

Zanter 1962 war de Gaston Vogel um Barreau ageschriwwen, an domadder ee vun den déngschteelsten a renomméiertsten Affekoten am Land. Opzehalen an e Liewen als Pensionär ze féieren, ass fir hien ni a Fro komm.

RTL

© RTL Archiv